Migratioun

Zuel vun den Asyldemanden am Juni nees liicht geklommen

Am Juni sinn zu Lëtzebuerg 131 Asyldemanden agereecht ginn. Dat sinn der 21 méi wéi am Mount Mee, wou 110 Demandë registréiert gi waren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa | Stefan Rampfel
(Foto: picture alliance / dpa | Stefan Rampfel)

Déi meescht aktuell Asyldemandeure kommen aus Venezuela, dem Sudan an Afghanistan. Iwwer dat ganzt Joer gekuckt kommen déi meescht Demanden awer aus Syrien.

27 Prozent positiv Avisen

A ronn 27 Prozent vun de Fäll gouf et e positiven Avis. Aacht Persoune sinn am Juni zeréckgewise ginn.

Parallel dozou goufe 45 Demandë fir temporäre Schutz agereecht. De Gros dovu kënnt vun ukrainesche Staatsbierger:innen.