Fir de Wunnengsbau nees unzekierpe wëllt d'Regierung ënner anerem steierleche Moossnamen en Place setzen.
Engersäits solle Leit, déi en Haus oder eng Wunneng kafe wëllen, Aidë kréien, fir datt si sech dat och leeschte kënnen. Anerersäits sollen awer och Ureizer fir Investisseure geschafe ginn, an der Hoffnung, datt méi Wunnengen an der Locatioun, respektiv abordabel Wunnenge gebaut ginn.
Aidë fir Privatleit
A Punkto Aidë fir Privatleit solle fir d’éischt emol méi Zënssubventioune kommen. Esou solle jonk Leit ënner 35 Joer, déi eng éischt Wunneng kafen, op engem geléinte Montant vun 300.000 Euro vun engem reduzéierten Zënssaz kënne profitéieren (bis elo louch d’Limite do bei 200.000 Euro).
Fir all d’Stéit, also och fir Leit, déi méi al si wéi 35, an déi zum Beispill schonn en Appartement haten an elo en Haus wëllen, geet de Plaffong vun 200.000 op 250.000 Euro erop. Fir all Kand am Stot soll de Montant nach eemol ëm 30.000, amplaz vun 20.000 Euro wéi bis elo, an d'Luucht goen.
"Bëllegen Akt" geet ëm 5.000 Euro an d'Luucht
Zweetens gëtt de "bëllegen Akt" vu 40.000 op 45.000 Euro eropgesat. Dat bedeit konkreet, datt eng Eenzelpersoun beim Kaf vun enger Wunneng op enger Valeur vu 640.000 Euro keen Enregistrement bezilt. Bei enger Koppel verduebelt sech de Montant a leit domat bei 1.280.000 Milliounen Euro.
Déi Mesure gëllt direkt, och wann dat zoustänneg Gesetz nach net fäerdeg um Dësch leit. De Stéchdatum ass de 16. Juli 2026.
Déi zwou Hëllefen, also d'Zënssubventiounen an d'Eropsetze vum "bëllegen Akt" sinn net zäitlech limitéiert.
Stéchwuert VEFA: Wat ass do virgesinn?
Eng drëtt Mesure gesäit vir de Leit "d'Angscht" ze huelen eng Wunneng op Plang ze kafen. Well dës Angscht gëtt et de Moment offensichtlech.
Wie sech decidéiert esou eng Wunneng, déi also nach net fäerdeg ass, ze kafen, fir selwer dra wunnen ze goen, kann op eng komplett Befreiung vun allen Enregistrementskäschten zielen. Dat awer just um Bau net um Terrain - virausgesat d’Gebai ass net ganz fäerdeg.
Zu maximal 80 Prozent dierf d'Gebai gebaut sinn. Dat heescht méi wéi de "Gros oeuvre fermé" dierf nach net gemaach sinn (also Réibau, Daach a Fënsteren). Déi Mesure gëllt just fir dräi Joer. Dat heescht bis de 16. Juli 2029.
Steierlech Ureizer fir Investisseuren
Nieft deenen Hëllefe fir Privatleit kommen och nach eng Rei steierlech Ureizer fir Investisseuren.
Fir genee ze si ginn hei zwee Ureizer geschafen. Ee reduzéierten TVA-Saz vun 8 Prozent, wann een an abordabele Wunnraum investéiert, an eng verbessert Versioun vum sougenannten Amortissement accéléré.
Fir den niddregen TVA-Saz ze kréie muss een natierlech eng Partie Krittären erfëllen. D’Wunneng däerf maximal 120 Meter Carré grouss sinn. De Präis pro Quadratmeter dierf net iwwer dem Median-Präis fir de Meter Carré, an där Regioun wou gebaut gëtt, leien.
De Loyer däerf héchstens véier Prozent vum Capital investi ausmaachen an de Locataire muss en Noweis erbréngen, datt en och fir eng abordabel Wunneng eligibel ass.
"D'Regierung finanzéiert kee Luxus"
"D’Regierung finanzéiert kee Luxus", dat sot de Finanzminister Gilles Roth op der Pressekonferenz gëschter. Domat huet hien och deen neie Regimm vum Amortissement accéléré gemengt.
Als Investisseur däerf een an Zukunft wärend sechs Joer all Kéier sechs Prozent Amortissement geltend maachen. Dat awer ënner der Konditioun, datt d’Wunneng maximal eng Valeur vu 600.000 Euro huet. No deene sechs Joer gëtt deen normalen Amortissementstaux vun zwee Prozent applizéiert.
Effikass Mesuren oder eidelt Verspriechen?
Et ass schwéier ze beurteele wéi effikass dës Mesuren elo wierklech sinn. Déi, déi grad um Punkt sinn ze kafen, déi freeë sech bestëmmt iwwer all Euro, dee si kënne spueren. D’Bauhandwierk ass zefridden, d’Fédération des Artisans huet direkt gëschter mat engem ganz positive Communiqué reagéiert.
An och vun de Promoteure wier et zimmlech ondankbar, elo nach ze meckeren, vue datt de ganze Pak staark "VEFA- an Neibau-lasteg" ass. Dogéint fënnt een am neie Mesurëpak näischt dran erëm, wat a Richtung Renovatioun oder Ëmbau vu bestoenden Haiser a Gebaier géif goen.
2027 wäert den "Housing Bond" lancéiert ginn
De Staat wëllt iwwerdeems weider 300 Milliounen Euro fir säi VEFA-Opkafprogramm bereet stellen. Déi éischt Enveloppe vu 480 Milliounen ass anscheinend scho bal ganz opgebraucht.
Nom grousse Succès vum Defense Bond kënnt effektiv ufanks 2027 den Housing Bond, iwwer deen de Staat 250 Millioune bei seng Bierger:inne siche geet, fir se an de Bau vun abordabele Wunnengen ze stiechen. Dës hunn d'Ministere gëschter op der Pressekonferenz bestätegt.