Op déi 3. Plaz kënnt de Verkéier, woubäi do éischter déi eeler Leit sech Suerge maachen. Da kënnt de Klimawandel an de Rietsextremismus.
Tripartite positiv ukomm
D‘Tripartiteverhandlunge si gutt bei de Leit ukomm. Bal d‘Hallschent vun de Befroten am Politmonitor sinn zefridden iwwer d‘Manéier, wéi de Premier Luc Frieden d‘Verhandlunge geféiert huet, bal een Drëttel sinn awer net esou zefridden. Trotzdeem huet den CSV-Premier am perséinleche Ranking keng Plaz gewonnen.