Déi fënnef Banke geréieren d'Bancomate gemeinsam. Responsabel fir de Projet ass d'Entrepris LuxConstellation. Déi huet haut zu Hamm deen neie System virgestallt.
Och d'Pläng fir déi nächst Joren huet den Direkter vun der Firma, den Thibaut Monier, presentéiert. Dobäi huet hie preziséiert, datt een den Ament just Suen op de Bancomaten ophiewe kann.
Och "contactless" soll kommen
Bis Enn des Joers soll een awer Sue kënnen abezuelen.
"C'est-à-dire que les clients pourront, d'ici fin d'année - et là je parle bien des clients de cinq banques partenaires, si la banque leur offre cette possibilité - pourront déposer de l'argent. Et on aura également une grousse évolution logicielle, je dirais, d'ici la fin d'année, c'est ce qu'on appelle le sans contact."
Dat heescht, de Client ka sech net méi just iwwer seng Bankkaart umellen.
"Egalement en tapant sa carte sur le contact NFC ou en mettant, par exemple, un wallet, taper un wallet sur le lecteur NFC."
Am Verlaf vum nächste Joer wäerten déi bankespezifesch Automaten progressiv vun deenen Neien ofgeléist ginn.
Mat iwwer 200 Bancomaten solle 94 Prozent vun de Bewunner:innen héchstens fënnef Kilometer wäit vun engem Bancomat ewech wunnen.