Däitschland

Véierte Streikdag bei der Lufthansa - Keng Léisung bei den Tariffverhandlungen

Och haut hunn nees d'Pilotinnen a Piloten, grad ewéi d'Kabinnepersonal hir Aarbecht néiergeluecht. An och haut falen nees Honnerte vu Vollen aus.

auto_stories

1 min

Streik bei der Lufthansa | © EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF
Streik bei der Lufthansa (Foto: EPA/CHRISTOPHER NEUNDORF)

Eleng um Hub zu Frankfurt ginn et haut 656 Annulatiounen.

Gëschter gouf bei der Conciliatioun fir d‘Salairsverhandlunge mat de Pilote keng Léisung fonnt. D‘Streikaktioune fale matten an d‘Feierlechkeete fir den 100. Anniversaire vun der Fluchgesellschaft.