Krich am Noen Osten

US-President Trump dreet dem Iran zivil Ziler unzegräifen

Den US-President Donald Trump huet dem Iran mat Attacken op zivil Infrastrukture gedreet. Op senger Plattform Truth Social huet hien ugekënnegt, datt d'USA an Zukunft no all iraneschem Ugrëff op e Schëff an der Strooss vun Hormus eng Bréck oder eng Stroumzentral am Iran bombardéiere géifen.

auto_stories

1 min

© EPA/JIM LO SCALZO / POOL
(Foto: EPA/JIM LO SCALZO / POOL)

Den Donald Trump nennt dobäi och Infrastrukturen an oder bei der Haaptstad Teheran als méiglech Ziler.

Den Iran huet op déi Ausso bis ewell nach net reagéiert.