Noen Osten

USA a Saudi-Arabien ënnerschreiwen en nuklearen Accord

D'USA hunn en nuklearen Accord mat Saudi-Arabien ënnerschriwwen. Den amerikaneschen Energieministère schwätzt vun engem friddleche Kooperatiounsaccord, deen amerikanesche Firmen e groussen Accès zum saudi-arabeschen Atomenergie-Programm géif ginn. Den Text vum Accord ass net ëffentlech.

auto_stories

1 min

Den US-President Donald Trump an de saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman bei engem Treffen 2025 | © EPA/NATHAN HOWARD / POOL
Den US-President Donald Trump an de saudesche Krounprënz Mohammed bin Salman bei engem Treffen 2025 (Foto: EPA/NATHAN HOWARD / POOL)

An engem Pressecommuniqué heescht et, d‘Ofkommes géif eng juristesch Grondlag fir eng joerzéngtelaang Partnerschaft schafe mat engem Volume vun etleche Milliarden Dollar.

Am Accord géif Saudi-Arabien sech dozou verflichten, keng Atomwaffen ze bauen, heescht et. Den Accord muss nach gréng Luucht vum amerikanesche Kongress kréien. 

Huthi-Rebellen attackéiere saudesch Schëffer - Nächst Blockad vu wichteger Handelsroute?

Am Roude Mier annoncéiert sech eng nei Blockage vun enger wichteger globaler Handelsroute.

D‘Huthi-Rebellen am Jemen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hunn elo Attacke géint zwee saudi-arabesch Pëtrolsschëffer am Roude Mier revendiquéiert. Saudi-Arabien huet eng vun dësen Attacke confirméiert.

E Méindeg haten d‘Huthi-Rebellen een Embargo géint saudi-arabesch Schëffer annoncéiert, déi duerch de sougenannte Bab al-Mandab-Passage am Roude Mier wëlle fueren.

Dat ass eng kruzial Handelsroute zënter den US-israeeleschen Attacke géint den Iran an deem doduerch ausgeléiste Blockage vum Hormus-Mierespassage. Do goufen an de leschten Deeg ëmmer nees Schëffer vum Iran ugegraff. 

Fir déi Attacken ze stoppen hunn d‘USA hënt fir déi zwieleft Nuecht hannereneen Ziler am Iran ugegraff.