Eigentlech hätt déi Konferenz vun en Dënschdeg un zu New York solle stattfannen. Dobäi sollt en onofhängege palästinensesche Staat als friddlechen Noper vun Israel geschaf ginn. Et sollt esou séier wéi méiglech en neien Datum fonnt gi fir d‘Konferenz, esou de Macron.
Lëtzebuerg sollt sech nächst Woch positionéieren
Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel sollte fir dee Rendez-vous op New York reesen.
Lëtzebuerg géif fir d’Ëmsetzung vun enger Zwee-Staate-Léisung plädéieren, déi d’Sécherheet fir Israel garantéiert an de Palästinenser et erlaabt an hirem Land ze liewen, hat de Premier Luc Frieden um Freidegmëtten um Pressebriefing nom Regierungsrot nach eemol präziséiert.
De Premier huet all d’Parteien aus der Regioun dozou opgeruff dem Fridde bäizedroen.
Krich tëschent dem Iran an Israel
Ee vun den zwee Flughäfen an der iranescher Haaptstad Teheran war am Viséier vun israeeleschen Attacken, mellt déi staatlech Noriichtenagence Irna.
Hënt huet och den Iran, der israeelescher Arméi no, Dosende Rakéiten op de jüddesche Staat geschoss. Op béide Säite gëtt vun Doudesaffer bericht.
Bei de massiven israeeleschen Attacken op den Iran um Freideg goufen Deeler vun enger Anlag fir d‘Uräicherung vun Uran zu Natans zerstéiert. Dat huet de Chef vun der Internationaler Atomenergie-Agence Rafael Grossi bericht.
Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet béid Länner zu enger Deeskalatioun opgeruff. Fridden an Diplomatie missten sech duerchsetzen, huet hien op der Plattform X geschriwwen.
Kompromëss fir d’Defenseausgaben
A punkto NATO-Sommet de 25. Juni wéilt d’Regierung ee Kompromëss fir eng Erhéijung vun den Defenseausgaben och mat ënnerstëtzen.
“Datt wann déi aner 31 Memberstaate vun der NATO sech op e gewëssene Prozentsaz fir Militärausgaben eenegen, datt Lëtzebuerg als e solidaresche Member vun der NATO, als een deem seng Sécherheet vun der Participatioun vun der NATO ofhänkt, deem seng Sécherheet a seng Verteidegung tributär ass vun der Stäerkt och vun deenen aneren Arméie ronderëm eis, mir sinn ee vu villen.”
De Premier insistéiert, datt déi budgetär Hausse misst iwwert eng gewësse Period ëmgesat ginn.