Den Iran gëtt an der Deklaratioun als Haaptsource vum regionalen Terror bezeechent, an de G7 positionéiert sech kloer mat der Ausso: Den Iran dierft nimools Atomwaffen hunn. Un Israel ass et an der Deklaratioun de Message: Israel hätt e Recht sech ze verteidegen, mee Israel misst Ziviliste schützen.
Donald Trump huet Sommet virzäiteg verlooss
Éier déi Deklaratioun annoncéiert gouf hat den Donald Trump de G7-Sommet fréizäiteg verlooss, fir sech op de Krich tëschent Israel an dem Iran ze konzentréieren, huet dat Wäisst Haus matgedeelt.
Den Donald Trump huet all d'Awunner:inne vun Teheran opgeruff, d'Stad direkt ze verloossen. Hien huet säin nationale Sécherheetsconseil convoquéiert. D'Wäisst Haus huet betount: D'USA géife sech net un der israeelescher Offensiv géint den Iran bedeelegen, mee eng defensiv Positioun anhalen. D'USA géif awer zousätzlech Truppen an den Noen Oste mobiliséieren, esou de Verteidegungsminister Pete Hegseth.
Déi géigesäiteg Attacke vun Israel an dem Iran ginn iwwerdeems virun. Den Iran huet um Dënschdegmoie weider israeelesch Attacken op d'Haaptstad Teheran gemellt. An an Israel huet de Loftofwiersystem iranesch Dronen a Rakéiten interceptéiert. Et gi bis elo keng Meldunge vu weideren Affer.
Atomzentral vun Natans: Méi schwéier Schied wéi geduecht
An der iranescher Atomzentral vun Natans wier d'Zentrifuge fir Uran unzeräicheren duerch déi israeelesch Attacke méi schwéier beschiedegt gi wéi bis elo ugeholl gi war. Dat sot de Chef vun der Internationaler Atomenergieagence Raphael Grossi an engem Interview mat der BBC.
Den ënnerierdeschen Deel vun der Anlag wier zwar net bei israeeleschen Attacke getraff ginn, mee well de Stroum ausgefall ass, wieren d'Zentrifugen trotzdeem schwéier beschiedegt, an eventuell esou guer ganz zerstéiert ginn, esou de Raphael Grossi.
Zwou staark Explosiounen zu Teheran
Um Terrain ginn déi géigesäiteg iwwerdeems Attacke virun: Zu Teheran wieren an der Mëttesstonn elo zwou staark Explosiounen ze héiere gewiescht, mellt déi franséisch Presseagence. Ëmmer méi Leit verloossen iwwerdeems déi iranesch Haaptstad.
An Israel huet de Loftofwier-System dann iranesch Dronen a Rakéiten interceptéiert. Et gi bis elo keng Meldunge vu weideren Affer.