Israel-USA

Trotz Annonce vu Mamdani: Netanjahu wäert net zu New York festgeholl ginn

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu muss net domat rechnen, zu New York festgeholl ze ginn. Wéi de Buergermeeschter vun New York Zohran Mamdani haut sot, hätt hien net de Pouvoir fir esou eng Arrestatioun. Den amerikanesche Staat hätt awer déi Méiglechkeet.

auto_stories

1 min

© EPA/Olga Fedorova
(Foto: EPA/Olga Fedorova)

Den Zohran Mamdani hat virun e puer Deeg ugekënnegt, den Haftbefeel, dee vum internationale Krichsverbriechertribunal ausgestallt gouf, auszeféieren, dat fir de Fall, wou den israeelesche Premier New York géing besichen. 

Dat wier am September de Fall fir d‘Reunioun vum UN-Plenum. Wéi de Mamdani sot, hätte seng juristesch Beroder erkläert, datt d‘Stad New York kee Mandat fir esou eng Arrestatioun hätt.

Den amerikanesche Präsident Donald Trump hat eng Arrestatioun vu vir eran ausgeschloss.