Dem "Wall Street Journals“ no, huet den US-Verteidegungsminister ordonéiert d'US-Truppen an der Regioun bis op Weideres net ofzezéien. Den US-Israeelesche Krich géint den Iran kéint sech senger Meenung no nach "weit bis an d'nächst Joer eran zéien", esou d'Zitat aus der US-amerikanescher Zeitung.
Noen Osten
Den Iran attackéiert weider US-Militärbasen a Kuwait
Iranesch ballistesch Rakéiten an Drone géife vun de Loftofwier-Systemer interceptéiert ginn, huet d'Militär a Kuwait matgedeelt. Déi iranesch Staatsmedien hunn op X gesot, déi iranesch Attacke wieren d‘Äntwert op "d'Verbrieche vun den USA" a géifen US-Militärbasen a Kuwait viséieren.
auto_stories
1 min
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)