An der éischter Tripartite-Reunioun zënter dem Accord vum Juni hunn d'Regierung an d'Sozialpartner festgestallt, datt déi aktuell Mesurë géint déi héich Energiepräisser zwar gräifen - mee d'Inflatioun a besonnesch d'Energiepräisser wéinst der internationaler Situatioun nach ëmmer ganz héich sinn.
"Wäerten an deem Geescht virufueren"
D'Regierung (CSV/DP) huet dofir an der éischter Reunioun vum Hierscht Drock erausgeholl a versprach, datt de Staat och am neie Joer géif "op iergend eng Manéier" déi aktuell Energiemesurë viruféieren, wéi de Premier sech ausgedréckt huet. En huet op Nofro vun der Press just probéiert z'erklären, datt déi aktuell Mesuren net onbedéngt genee d'selwecht virugefouert ginn. Mee Detailer, wat an der Diskussioun ass, huet hie keng genannt.
"Sozialdialog fonctionéiert"
De Luc Frieden huet annoncéiert, datt d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patronat sech den Donneschdeg, den 29. Oktober nach emol géifen zu Senneng gesi fir d'Gespréicher ze verdéiwen. De Sozialdialog géif zu Lëtzebuerg, anescht wéi op anere Plaze fonctionéieren. An hie wier iwwerzeegt, datt ee géif Léisunge fannen. Wéi vill finanzielle Sputt d'Regierung bei enger ëmmer méi enger héijer Staatsverschëldung bleiwen, wollt de Premier net beäntwerten.
"Nach kee Resultat"
D'Vertrieder vu Patronat a Gewerkschafte stounge wärend dem kuerze Statement vum Premier hannert dem Luc Frieden, wollten awer keng Froe beäntwerten. Et wier ofgemaach ginn, datt de Premier eleng géif de Resumé vun de Gespréicher maachen, "well et jo nach kee Resultat gëtt", esou d'OGBL-Presidentin Nora Back.
Am Juni haten d’CSV-DP-Regierung an d’Sozialpartner ofgemaach, datt d'Inflatioun ofgeschwächt gëtt andeems de Staat d'Energiepräisser subventionéiert:
- 4 Cent pro kWh Stroum
- 5 Cent pro Liter Diesel a Bensinn
- 15 Cent pro Liter Mazout sinn
- 15 Cent pro Meterkibb Gas
Déi Mesurë lafen den 31. Dezember aus.
Ouni nei Mesuren: Indextranche am Fréijoer
Den aktuelle Previsioune vum Statec no géif dat dozou féieren, datt déi nächst Indextranche am zweeten Trimester 2027 géif erfalen. Déi lescht automatesch Upassung ëm 2,5 Prozent vun de Léin a Pensiounen un d'Inflatioun war am Juni 2026. D'Regierung an d'Sozialpartner hu sech als Zil gesat, datt tëscht all Indextranche op d'Mannst 12 Méint solle leien.
Eng Nott vum Energie- a Wirtschaftsministère fir d'Tripartiteverhandlungen kënnt zur Konklusioun, datt d'Mesurë vu Juni hir Objektiver erreecht hätten, besonnesch op kuerzfristegem Plang. Mee déi staatlech Subventioune vun de fossillen Energië géife riskéieren, d'Versuergungssécherheet a Fro ze stellen an d'Ofhängegkeete par Rapport zum Ausland ze verstäerken.