Justiz

Sträit tëschent Richtung22 a frEsch ASBL: D'Urteel soll den 12. November falen

Am Prozess vum Kënschtlerkollektiv Richtung22 an der Escher ASBL frEsch huet d'Escher Friddensgeriicht de Mëtteg matgedeelt, datt d'Urteel den 12. November gesprach soll ginn.

auto_stories

2 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Am Prozess goung et ëm d’Notzung vum sougenannte Bâtiment 4 zu Esch, wéinst deem sech béid Parteien an den Hoer leien a sech elo um Geriicht géintiwwer stoungen. Richtung22 wëllt weider am Gebai op der Metzeschmelz bleiwen. frEsch ass dogéint.

Am Virfeld vum Prozess huet Richtung22 am 100,7-Interview gesot, datt dat heiten och e politesche Prozess wier, bei deem si "monddoud" gemaach solle gi vu frEsch.

Diskussiounen ëm d'Kënnegung

Viru Geriicht hunn den Affekot vum Kënschtlerkollektiv gëschter argumentéiert, datt d’Kënnegung vun hirem Bail net gülteg wier, well en nämlech net vu Vertrieder vu frEsch ënnerschriwwe gewiescht wier, erkläert de Maître Jean Tonnar, Affekot vu Richtung22.

"De Bail ass op terme komm. En ass eng Kéier verlängert ginn, mir hu wärend Méint a Wochen diskutéiert, fir en nach eng Kéier ze verlängeren. Elo si mer um Geriicht. An um Geriicht kommen déi juristesch Argumenter, an d'juristesch Argumenter sinn, ob e Bréif ka valabel sinn, wann et net ënnerschriwwen ass, zum Beispill."

De Maître Max Maillet, Affekot vu frEsch, deen net mat der Presse schwätze wollt, argumentéiert, datt de Locatiounskontrakt souwisou ausgelaf wier an dowéinst d’Formalitéite vun der Kënnegung net relevant wieren. Den Affekot vu frEsch wollt och net op d’Fro vun der Riichterin äntwerten, firwat säi Mandant de Bail vu Richtung22 net verlängere wëllt.