Justiz

Nom Brand zu Bartreng deelt d'Police mat, datt kee Brandbeschleuneger genotzt gouf

Um Sonndeg de Moien hat d'Police gemellt, datt et an enger Garage zu Bartreng gebrannt huet. Wéi si op d'Plaz komm sinn, hu si zwou Läichen entdeckt. Elo hätt ee rausfonnt, datt kee Brandbeschleuneger benotzt gouf, esou d'Justiz an engem Communiqué.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

D'Identitéit vun den zwou verstuerwene Persounen ass awer nach net gekläert, heescht et am Schreiwes. Bis ewell géif alles drop hindeiten, datt déi zwou Persoune Palletten aus Holz ugefaangen hu fir sech ze wiermen. 

Op Uerder vum Parquet war eng Enquête an d'Weeër geleet ginn an och Autopsië sinn ordonéiert.