Schweden

Santés-Agence fuerdert Elteren op, den Handy wechzeleeë wa se mat hire Kanner sinn

D'Eltere sollen den Handy nëmme benotzen, wann et wierklech néideg wier, esou déi offiziell Recommandatioun vun der schweedescher Santés-Agence un all d'Elteren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Westend61 | Vira Simon
(Foto: picture alliance / Westend61 | Vira Simon)

Domat reagéiert d'Santé zu Stockholm op nei Etüden, déi weisen, datt d'Interaktioune mat hire Kanner dorënner leide kéinten, wann d'Eltere vill um Ecran sinn. Kanner, deenen hir Eltere vill um Handy wieren, wieren och selwer méi dacks um Smartphone, esou d'Etüd. 

D'Santés-Agence zu Stockholm recommandéiert den Elteren och, Zonen ouni Ecranen doheem anzeféieren, beispillsweis an de Schlofkummeren oder wärend dem Iessen.