Klimawandel

Bal d'Hallschent vun de Kanner op der Welt si vun der Klimakris bedrot, warnt Unicef

Ronn 1,1 Milliarde Kanner weltwäit wieren de Gefore vun Dréchenten, extreemen Temperature vun iwwer 35 Grad an Hëtztwellen ausgesat, geet aus dem Rapport vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen Unicef ervir.

auto_stories

1 min

UNICEF Protect Children | © UNICEF / UNI443216
UNICEF Protect Children (Foto: UNICEF / UNI443216)

Kanner géife méi staark ënner de Konsequenze vun der Klimaerwiermung leiden, esou de Rapport.

De Klimaexperten no féiert déi vu Mënsche verursaacht Klimaerwiermung dozou, datt Dréchenten, Hëtztwellen, Iwwerschwemmungen an aner extreem Wiederphenomeener méi heefeg a méi intensiv wäerte ginn.