Regierungsrot

Regierungsrot hëlt Reglementer u fir d'Konventioun tëschent CNS an AMMD ze ersetzen

De Regierungsrot koum gëschter ënner der Presidence vum Premier Luc Frieden zesummen. D‘Regierung huet do déi groussherzoglech Reglementer ugeholl fir d‘Relatiounen tëschent der Gesondheetskeess CNS an den Dokteren an Zänndokteren ze reegelen.

auto_stories

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Dës Reglementer solle vun November un d‘Konventioun ersetzen, déi d‘Doktesch- an Zänndoktesch Associatioun AMMD am Oktober zejoert gekënnegt hat.

Iwwer eng nei Konventioun goufen d‘CNS an d‘AMMD sech nach net eens. D‘Verhandlungen doriwwer waren d‘lescht Woch vun der CNS offiziell als gescheitert deklaréiert ginn. Déi aktuell Konventioun leeft nach bis Enn Oktober. Duerno sollen dann déi groussherzoglech Reglementer gräifen, déi de Regierungsrot gëschter ugeholl huet.

D‘Gesondheetskeess an d‘Gesondheetsministerin hu verséchert, datt dat keng Konsequenze fir d‘Patiente wäert hunn, an datt et keng Ënnerbriechung bei der medezinescher Versuergung oder de Remboursementer wäert ginn.