Scho fir d'zweete Kéier huet Lëtzebuerg bei dësem Ranking d’Nues ganz vir a setzt sech domat géint déi nächstplacéiert Stied Kopenhagen, Amsterdam, München a Wien duerch.
Fir d’Liewensqualitéit ze ermëttelen, goufe Facteure wéi d’Kafkraaft, d’Sécherheet, d’Gesondheetsversuergung an och d’Liewenskäschte gekuckt. Grad esou ginn de Wunnengsmaart, de Verkéier oder nach d’Pollutioun berücksichtegt. Sämtlech Stied an den Top-Ten befanne sech an Europa.
Ee wichtege Facteur ass de gratis ëffentlechen Transport
Wéi d’Fuerscher:innen an hirem Rapport festhalen, wier de gratis ëffentlechen Transport ee wichtege Facteur, dee Lëtzebuerg dobäi gehollef huet, seng éischte Plaz bei der Liewensqualitéit ze festegen. An d'Rechnung agefloss ass nämlech och de Präis, fir ee Mount laang mat ëffentleche Verkéiersmëttel ze fueren.
Am Grand-Duché kascht dëst zënter Februar 2020 jo iwwerhaapt näischt méi. Am deierste sinn déi ëffentlech Transportmëttel zu London, Sydney an New York.
Bei der Locatioun läit Lëtzebuerg awer op der 17. Plaz
Wat d’Wunnen ugeet, esou kënnt Lëtzebuerg beim Quadratmeterpräis fir en Appartement am Stadzentrum op déi 14. Plaz. Am deierste sinn awer d'Appartement an Toplag zu Hongkong, Zürech a Seoul.
Bei der Locatioun lant Lëtzebuerg, fir en dräi-Kummer-Wunneng am Zentrum, op der 17. Plaz. Hei féieren New York, Zürech a San Francisco de Ranking un.
Wann ee kuckt, wéi vill Akommes nom Bezuele vum Loyer nach Rescht bleift, steet Lëtzebuerg mat der véierter Plaz relativ gutt do. Dëst hänkt och mat der gudder sechster Plaz bei den Netto-Salairen zesummen.
Restaurant kaschten an anere Länner nach méi wéi hei
Wann ee kuckt, wéi vill et kascht fir am Restaurant ze iessen, gehéiert Lëtzebuerg net zu deenen 10 deierste Stied. Auswäerts Iesse goe kascht op anere Plazen nach däitlech méi wéi am Grand-Duché, am meeschten zu Zürech.
Bei Liewensmëttelkäschten lant Lëtzebuerg op der 13 Plaz an domat knapps net an der Top Ten vun den deierste Stied. Dofir kënnt Lëtzebuerg awer beim sougenannte Cheap-date-Index ënner déi zéng deierst Stied. Hei hunn d’Fuerscher:inne gekuckt, wat et kascht, wann een zu zwee den Taxi hëlt, mam ëffentlechen Transport fiert, zu Owend ësst, an de Kino geet an deen een oder anere Patt hëlt.
Taxi-Tariffer a Kinostickete sinn net grad geschenkt
Mee grad bei den Taxi-Tariffer a beim Präis fir e Kinosticket stécht Lëtzebuerg negativ ervir. Hei lant d’Haaptstad op der drëtter respektiv der fënnefter Plaz. An och beim Präis fir eng Cola lant Lëtzebuerg relativ uewen op der Träppchen, méi deier wier eng Cola zu Zürech, Genève, Kopenhagen a Paräis.
Ermëttelt gouf an der Etüd mam Numm Mapping the world’s prices vun der Deutsche Bank iwweregens och de sougenannten iPhone-Index, de Präis vun engem Cappuccino oder vun enger Fläsch Wäin. Hei lant Lëtzebuerg ëmmer am Mëttelfeld.