FIFA

No Kritik: Infantino verteidegt seng Pläng fir d'FIFA fir Investisseuren opzemaachen

An engem Videomessage seet de FIFA-Chef Gianni Infantino, seng Pläng fir de Fussball-Weltverband fir Investisseuren opzemaachen, wieren eng eemoleg Chance fir déi weltwäit Entwécklung vum Fussball ze acceleréieren. Hie géif keng sënnvoll Alternativ zu senge Pläng erkennen.

auto_stories

1 min

© EPA/WILL OLIVER
(Foto: EPA/WILL OLIVER)

De Fifa-President Infantino wëllt eng Duechtergesellschaft grënnen, an där d‘kommerziell Rechter un de FIFA-Competitioune gebündelt wieren. E Fënneftel vun där Duechtergesellschaft sollt kënne fir privat Investisseuren opgemaach ginn.

D‘Kritik un deene Pläng kënnt virun allem aus Europa. Och den FLF-President Paul Philipp nennt d‘Pläng bedenklech. Et wiere verschidde Grenzen iwwerschratt ginn, seet hien am 100,7-Interview. De Paul Philipp hofft, datt d‘UEFA séier eng eenheetlech Positioun dozou ausschafft.