Police

Police warnt viru neier Bedruchsmasch

Rezent goufe Fäll gemellt, bei deene Persounen iwwert eng philippinnesch Nummer eng Textnoriicht geschéckt kritt hunn, an där se matgedeelt kréien, datt si e Protokoll misste bezuelen. Den Ofsender ass d‘Lëtzebuerger Police. 

auto_stories

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D‘Police erënnert drun, dass si ni Textnoriichte schéckt, mee datt Protokoller ëmmer mat der Post verschéckt ginn. Si weist awer och drop hin, datt esou Noriichten och iwwer Lëtzebuergesch Nummer kéinte verschéckt ginn.