Police

100 presuméiert Drogendealer zënter dem Ufank vum Joer festgeholl

Déi meescht vun de presuméierten Drogendealer goufen an der Stad Lëtzebuerg festgeholl. Si wieren alleguerte virun den Untersuchungsriichter komm.

auto_stories

1 min

© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort)

D'Lutte géint d'Drogekriminalitéit wier eng absolut Prioritéit, dofir géif d'Police hir Visibilitéit an de betraffenen Zonen och nach weider verstäerken. 

Zënter dem 1. Mee ass och d'Police-Kommissariat an der Rue du Fossé an der Uewerstad all Dag an Nuecht op. 

Zejoert goufen am Ganzen 216 presuméiert Drogendealer festgeholl.