A Presenz vum Premier Luc Frieden (CSV), dem Finanzminister Gilles Roth (CSV) a vum Wirtschaftsminister Lex Delles (DP) si gëschter d'Bauaarbechte vum neie Space Campus offiziell agelaut ginn.
Den NEOS Space Campus soll nieft engem Gebai vun der Satellittegesellschaft SES entstoen.
Besser Méiglechkeete fir Startups
Verschidde Startups konnte bis elo net un engem Appell d’offre deelhuelen, well se net déi néideg Ekipementer haten, esou de Lex Delles. Am NEOS Space Campus kéinten dës Firmaen esouwuel securiséiert Büroe lounen, ewéi och spezifesch Maschinne fir Tester duerchzeféieren.
"Bei verschiddene Beräicher am Space brauch ee securiséiert Büroen. Déi brauch een awer net déi ganzen Zäit. Et ass och ze deier, fir Entreprisen déi ze bauen, fir e Projet vun dräi oder sechs Méint. Dofir kënne se déi Infrastrukturen, nieft den Test-Infrastrukturen, lounen."
Zu dësen Ekipementer gehéiere Vakuum-Kummeren a Maschinne fir Vibratiounen oder Wellen ze moossen, esou de Wirtschaftsminister Lex Delles.
Am Bürosgebai wäerten eng 900 Persounen op sechs Stäck kënne schaffen. Déi meescht Infrastrukture solle bis Dezember d'nächst Joer fäerdeg sinn.