Lëtzebuerg-Däitschland

CSV-Inneminister Leon Gloden kritiséiert Verlängerung vun däitsche Grenzkontrollen

Enn leschter Woch hat säin däitschen Homolog, Alexander Dobrindt ugekënnegt, d’Grenzkontrollen nach eemol ze verlängeren. Schenge kéint net ëmmer als Geisel geholl gi wa sech Migratiounsproblemer stellen, sot de Leon Gloden e Moie bei eis op der Antenn.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Patrick Pleul
(Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul)

Déi Verlängerung, déi Däitschland elo bei der EU-Kommissioun agereecht huet, wier theoretesch déi lescht Verlängerung vun dëse Grenzkontrollen déi méiglech ass. An och d’Argumentatioun déi benotzt gëtt, wier plus ou moins déi selwecht wéi bei deene Kéiere virdrunner.

Lëtzebuerg reecht weider Reklamatioun an 

Dat géif dem Leon Gloden no bedeiten, datt et keen neie Moment gëtt. 

"Mee wann een iwwer zwee Joer nach eng Kéier wëllt eng Verlängerung maachen, da gëtt den Test nach méi streng wéi virdrun. Dat heescht, et muss een eng Situation majeure exceptionnelle virweisen. Et muss een och eng verstäerkt Risikoanalys virleeën. An d'EU -Kommissioun muss elo net nëmmen d'Necessitéit an d'Proportionalitéit analyséieren, mee och d'Kompatibilitéit zu den EU-Traitéen."

Wéi bei de leschte Verlängerungen och, hat Lëtzebuerg dowéinst nach eemol eng Reklamatioun bei der EU Kommissioun agereecht. D’Lëtzebuerger Säit géif sech dobäi weiderhin op de Fait stäipen, datt d’illegal Immigratioun zeréckgeet. Dat net nëmmen op EU- mee och op däitschem Niveau.

Den Inneminister huet e Moien op den neien EU-Asylpakt verwisen, deen am Juni a Kraaft getruede war a fir staark Kontrollen un de Baussegrenzen an eng Zesummenaarbecht mat Drëttstate stoe soll.

Diskussiounen iwwer neie Police-Kooperatiounsvertrag

D’EU-Kommissioun koum an enger Stellungnam vum 2. Juni 2026 zur Conclusioun, datt d’Proportionalitéit an d’Noutwendegkeet vun de Kontrolle bannent dem Schengener Raum misst respektéiert ginn. Der EU-Kommissioun no wier eng Exit-Strategie elo néideg fir vun de Grenzkontrolle fort ze kommen.

De Leon Gloden sot, datt Lëtzebuerg do ganz konkret Propose gemaach hätt. Beispillsweis e weidere Police-Kooperatiounsvertrag.

"Mir hunn eisen däitsche Frënn a Partner, hu mer e Projet vun engem neie Police-Kooperatiounsvertrag virgeluecht. An do lafen d'Diskussioune fir deen ze finaliséieren. An dat si ganz konstruktiv Diskussiounen."

Déi géifen de Moment op Beamten-Niveau lafen. Zousätzlech gouf am Mee scho mat de Bundeslänner déi u Lëtzebuerg grenzen eng Kooperatioun tëscht de Polizisten ënnerschriwwen. Dës huet d’Zil gemeinsam Kontrolle mat gemëschte Patrullen an der Grenzregioun duerch ze feieren a méi eng zesummen ze schaffen.