USA

Méi Douanestaxe wéinst Bëschbränn? Trump mat neier Droung a Richtung Kanada

Den US-President Donald Trump dreet Kanada mat neien Douanestaxe wéinst der Loftverschmotzung duerch déi grouss kanadesch Bëschbränn. Op senger Online-Plattform reprochéiert hien der kanadescher Regierung, d'Bëscher net genuch ënnerhalen ze hunn an domat d'Bränn mat verursaacht ze hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Ken Cedeno - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ken Cedeno - Pool via CNP)
D'Käschte vun der Loftverschmotzung missten dofir op déi bestoend Douanestaxe fir kanadesch Importer drop gerechent ginn, seet den US-President.
An der Provënz Ontario ginn et de Moment bal 200 Bëschbränn. Deen entstanen Damp beaflosst och Deeler vum Nordosten an dem Mëttlere Weste vun den USA.
 
Betraff sinn ënner anerem d'Stied Chicago, Detroit an New York.
De kanadesche Premier Mark Carney huet erkläert, et wier an der Verantwortung vu béide Länner, géint de Klimawandel virzegoen.