National

Luc Frieden: "Moment fir eng Tripartite ass nach net komm"

Nach wier de Moment fir eng Tripartite net do, sot de Premierminister Luc Frieden de Moien op Nofro hin. D’lescht Woch hat den Direkter vun der FEDIL, de René Winkin, am 100,7-Interview erkläert, datt een amgaange wier, sech op eng méiglech Tripartite ze preparéieren.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© SIP / Frédéric Sierakowski play_arrow
(Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

Den Index wier nämlech net den eenzege Grond fir eng Tripartite anzeberuffen, hat de FEDIL-Direkter betount. D’Regierung géif awer bei hirer Positioun bleiwen, esou de Premierminister Luc Frieden. Dat mat Verweis op d’Mesuren, déi d’Regierung schonn ergraff hätt.

"D'Regierung hat de Regierungsrot de leschte Mëttwoch a mir hunn d'Situatioun analyséiert a mir hu festgestallt, dass eng ganz Rei Moossnamen, déi mir an deene leschte Méint geholl hunn, de Leit hëllefen, wéi zum Beispill d'Verstäerkung vun der Energieprimm, ewéi d'Iwwerhuelen duerch de Staat vun den Netzkäschten, wéi eng vill méi niddreg Besteierung vum Pëtrol zu Lëtzebuerg."

Dofir hätt een als Regierung decidéiert, fir den Ament keng zousätzlech Moossnamen ze huelen. De Luc Frieden huet iwwerdeems betount, datt déi dräi Nopeschlänner dat och net géife maachen.

Tripartite dann, wa méi wéi eng Indextranche fält

Wat d’Tripartite ugeet, esou géif d’Regierung weiderhin zum Koalitiounsaccord stoen, dee virgesäit, datt eng Tripartite aberuff gëtt, wa méi wéi eng Indextranche am Joer erfält, huet de Premierminister betount. Et géif een d'Situatioun ganz no suivéieren an déi noutwenneg Mesuren ergräifen, wann dee richtege Moment do wier – an dat wier nach net elo, esou d’Wierder vum Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow