Walen an Ungarn

Chamber-Deputéiert a Premier Luc Frieden sinn erliichtert no de Walen an Ungarn

Erliichtert hunn d’Deputéiert vun der aussepolitescher Chamberkommissioun de Moien op d’Walresultat an Ungarn reagéiert. Och de Premierminister Luc Frieden huet an enger éischter Reaktioun op d’Walvictoire vum Peter Magyar gesot: Aus europäescher Siicht kéint een d’Resultat nëmme begréissen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Chamber  | © Chambre des Députés play_arrow
Chamber (Foto: Chambre des Députés)

Dat ungarescht Vollek hätt de Choix gehat tëschent enger pro-europäescher Politik an enger méi pro-russescher Politik – a sech mat ganz breeder Majoritéit fir de pro-europäesche Kandidat ausgeschwat, esou de Premier Luc Frieden de Moien no enger Sëtzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun.

Et wier e gutt Resultat fir de Fonctionnement vun Europa.

"D'ungarescht Vollek huet mat ganz breeder Majoritéit gesot, mir ënnerstëtzen dee Kandidat, dee pro-europäesch ass. An den Här Magyar ass Member vun der Europäescher Vollekspartei, vun den europäesche Chrëschtdemokraten, dat ass eng pro-europäesch Partei an duerfir, mengen ech, ass dat fir de Fonctionnement vun Europa gutt."

D'Wäerter, déi d'EVP ënnerstëtzt, géifen elo dann och vun Ungarn ënnerstëtzt ginn. Iwwerdeems hofft de Luc Frieden elo drop, datt de Blockage vum Viktor Orbán iwwer Méint gemaach huet, elo op en Enn kéim.

Finalement déi 90 Milliarden Euro fir d'Ukrain?

Hie géif een dann och dovunner ausgoen, datt déi 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain elo kéinten deblockéiert ginn, esou nach de Premier Luc Frieden. Ungarn war jo dat Land, wat sech dogéint opposéiert hat.

De Premierminister hat dem ungaresche Vainqueur Péter Magyar schonn um Sonndegowend iwwer d’Plattform X gratuléiert. De Luc Frieden geet dovun aus, datt een elo an deenen nächsten Deeg Kontakt ophëlt oder sech spéitstens um nächsten Europäesche Conseil austausche kéint, wann de Péter Magyar dann do schonn dobäi wier.

déi gréng weise sech optimistesch, d'LSAP virsiichteg

Eng optimistesch Reaktioun kënnt de Moien, een Dag no der Parlamentswal, och vun der grénger Deputéierter Sam Tanson. Souwuel d’Leit an Ungarn, ewéi och de Rescht vun Europa, kéinten elo mol e bësse positiv opootmen.

"Well et einfach weist, datt autoritär an onliberal Regimmer och kënnen ofgewielt ginn, datt de Viktor Orbán et definitiv ze bont gedriwwen huet an d'Demokratie ka fonctionéieren. Elo ass et natierlech u sengem Successeur fir alles dat, wat hie versprach huet, am Walkampf, déi pro-europäesch an och déi grondrechtbaséierend an antikorruptiounsbaséierend Politik, elo ëmzesetzen." 

Déi méiglech Zweedrëttelmajoritéit, déi de Péter Magyar kéint kréien, géif iwwerdeems Hoffnung maachen, datt Saachen zeréckgedréint kéinte ginn, déi de Viktor Orbán en Place gesat hat, esou nach d'Sam Tanson.  

Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot schwätzt vun enger gudder Nouvelle fir Europa. Trotzdeem misst een elo mol ofwaarden, notamment well de Péter Magyar bei enger ganzer Rei Punkte ganz onkloer Positiounen hätt, ënner anerem wat de Support un d’Ukrain ugeet.

Et wier jo och gewosst, datt hien aus der politescher Famill vum Viktor Orbán kënnt an d'Europäesch Vollekspartei um europäeschen Niveau eng ganz ambigue Positioun hätt, esou de Franz Fayot.

"Hien huet eng riiseg Aufgab viru sech, well hie muss dee ganzen ungaresche Rechtsstaat en fait erëm hierstellen. Alles dat, wat den Orbán zu Onwee gemaach huet, muss hien u sech elo erëm reparéieren. An et bleift ofzewaarden, änlech wéi dat a Polen geschitt ass, ob hien dat dann och wierklech hikritt."

Politesch wier et elo net dee Kandidat, deen hie sech gewënscht hätt, esou nach de Franz Fayot. Déi liberal a sozialdemokratesch Kräft misste sech an Ungarn elo natierlech nees erëmkréien, sot den Deputéierte vun de Sozialisten nach.

Lauschterenplay_arrow