Zënsen

D'Spuerkeess setzt d’Zënsen op flexibele Prêten haut ëm ee véirels Prozentpunkt erop

Déi staatlech Bank setzt d’Hallschent vun den Haussen ëm, déi déi Europäesch Zentralbank déi lescht Méint annoncéiert hat, huet de Claude Hirtzig, Chef vum Retail a Professional-Banking-Departement vun der Bank, de Moien am 100,7-Interview confirméiert.

auto_stories

1 min

Claude Hirtzig | © Morgane Weidig
Claude Hirtzig (Foto: Morgane Weidig)

D'EZB huet bannent deene leschten dräi Méint de Leetzëns vun 2 op 2,5 Prozent eropgesat. 

Et géif keen Automatismus gi fir d'Zënshaussë vun der EZB direkt ëmzesetzen, seet de Claude Hirtzig. D’Banke missten deemno verschidde Facteure kucken, ier se se un hir Clientë weiderginn.

Spuerkeess rechent mat weideren EZB-Haussen

D'Diskussioune bei der Spuerkeese wieren dës Kéier laang gewiescht. Op der enger Säit, well dat een Impakt op d'Clienten huet, erkläert de Claude Hirtzig. 

"Dat Zweet ass: Mir haten eng Zënshausse vun der Zentralbank am Juni, mir haten eng elo am September a mir wëssen, datt der warscheinlech nach zwou nokommen. An deem Kontext wollte mir kloer ofweien, wéini a wéi vill mir wéilten d'Zënsen eropsetzen a wat virun allem d'Perspektive vun eiser Finanzementskäschte sinn."

Et wier awer dovun auszegoen, datt de Spuerkeess-Clienten déi Hausse elo net ze vill wéi wäert doen. D'Bank géif déi ajustabel Prête jo am Virfeld engem Stresstest ënnerleeën.