Bis ewell ass et de klassesche Gehierdoud, dee muss gi sinn, fir datt eng Organspend méiglech ass. Dobäi géif déi Situatioun ëmmer manner dacks virkommen, erkläert de Claude Braun als Invité vum Dag.
"Haut gëtt et dat eigentlech net méi an duerch déi ganz medezinesch Moossnamen, duerch vill aner Sécherheetsmoossname gëtt de Gehierdoud éischter manner."
Klassesche Gehierdoud ëmmer méi rar
Dofir sollt d'Méiglechkeet vun der Feststellung vum Doud ugepasst ginn, erkläert de Claude Braun.
"Dat huet e fréier och Accord arrêté oder Non-Heartbeating genannt. Dat si Patienten zum Beispill mat engem schwéieren Accident, déi ganz schwéier Gehierverletzungen haten, déi awer net esou wäit ginn, datt si elo d'Krittäre vun engem Gehierdoud géifen erfëllen."
Wann d'Iwwerliewe vum Patient vu Maschinnen ofhänkt, misst een och kënnen den Doud feststellen, mengt de President vu Luxtransplant. D'Diskussioune mat der Regierung géifen den Ament lafen. De Claude Braun hofft, datt ee sech an engem gudde Joer een neie gesetzleche Kader ka ginn.
"Consentement présumé"
Zu Lëtzebuerg ass jidderee potenzielle Spender, ausser et dréckt ee sech explizitt dogéint aus. Zejoert goufen et awer just zwou Spende vu Lëtzebuerg aus, erkläert de President vu Luxtransplant.
Et huet een zwou Méiglechkeeten: Et kann een entweder eng Käertche mat sech droen, op där een ugëtt, ob ee wëllt spenden a wa jo, fir wéi eng Organer. Awer och am elektronesche Patientendossier kann ee sech dofir oder dogéint ausdrécken. Eng 10.000 Leit hätte sech explizitt dogéint ausgedréckt.
D'Gesetz vun 1982 wier ee ganz modernt Gesetz, erkläert den Dokter Claude Braun.
"Mir hunn de Consentement présumé. Dat heescht, wien zu Lëtzebuerg net widdersprécht, ass virum Gesetz am Prinzip Organspender."
Transplantatioune vu Lëtzebuerg aus?
Et géif awer ëmmer nees zu Diskussioune kommen, wann d'Famill sech net eens ass oder am Virfeld net iwwer d'Preferenz vun der verstuerwener Persoun Bescheed wees. Dofir wier et wichteg, datt och iwwer den Doud doheem oder an den enkste Kreesser geschwat gëtt.
"Ech hunn d'Impressioun, datt iwwer Kriibs an iwwer Parkinson, iwwer Alzheimer méi offen, méi ouni Tabu geschwat gëtt. Do wëlle mir och dru schaffen, datt den Theema Doud, Organspend een Theema ass, wat ganz neutral, ouni schlecht Ënnertéin kéint diskutéiert ginn."
Zu Lëtzebuerg, wéi bis Ufank 2000er, nees Transplantatiounen duerchzeféieren, wier zwar een Dram vun him, mee et géifen och vill Argumenter dogéint schwätzen. Notamment hätt een op 200 Kilometer Distanz aussergewéinlech gutt Qualitéit.
Dofir kéint hie sech virstellen, op ee Mëttelwee ze goen: E Partenariat mat engem Zentrum am Ausland, schléisst de Claude Braun net aus.