Matten an dëse Spekulatiounen iwwer weider Verhandlungen tëschent den USA am dem Iran, reest de pakistanesche Premier elo fir véier Deeg an d’Vermëttlerstaaten.
Pakistan schafft u weidere Gespréicher
De Premierminister Shehbaz Sharif wäert a Saudi-Arabien, a Katar an an der Tierkei sinn, gouf aus Pakistan matgedeelt. Dës dräi Staate sinn an d’Vermëttlungen tëschent de Krichsparteien agebonnen.
Aus pakistanesche Kreesser heescht et, et géif een u weidere Vermëttlungsgespréicher tëschent den USA an dem Iran schaffen.
D’Rees vun e puer Deeg vum pakistanesche Premier schwätzt awer géint eng séier weider Verhandlungsronn zu Islamabad, notéiert d’Noriichtenagence DPA.
Donald Trump schwätzt iwwer weider Verhandlungen
Virdrun hat den US-President Undeitungen iwwer eng méiglech weider Verhandlungsronn am Konflikt gemaach. Zënter enger Woch gëllt jo eng Wafferou, déi 14 Deeg laang soll daueren. A Pakistan kéint an den nächsten zwee Deeg eppes geschéien, hat den Donald Trump der Zeitung "New York Post" ouni weider Detailer gesot.
Dem US-Sender FOX NEWS hat den US-President gesot, hie géif gleewen, datt de Krich am Iran bal eriwwer wier.