Gaza

Hamas an USA hu Gespréicher gefouert - Fronte sinn awer nach ëmmer festgefuer

Fir déi éischte Kéier zënter der Wafferou am Gaza-Krich sollen et och elo direkt Gespréicher tëschent der Hamas an US-Vertrieder gi sinn. Dat huet déi islamistesch Terrororganisatioun confirméiert. Hiren Emissär hätt sech zu Kairo mat engem amerikanesche Beroder getraff.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance/dpa | Abed Rahim Khatib)

D'Fronte wieren awer weider festgefuer.

Hamas refuséiert weiderhin hir Waffen ofzeginn

D‘Hamas géif drop bestoen, ier déi zweet Phase vum amerikanesche Friddensplang a Kraaft trëtt, datt Israel seng Attacken op d‘Gazasträif stoppt an humanitär Hëllef eraléisst. D‘Hamas refuséiert och weider, hir Waffen ofzeginn.

Der Hamas no, wieren zënter dem Ufank vun der Wafferou ëm déi 760 Palestinenser an der Gazasträif ëmkomm. Déi israeelesch Arméi kontrolléiert weider ongeféier d‘Hallschent vun der Gazasträif.

Déi zweet Phase vum Friddensaccord gesäit fir, datt Israel sech weider zeréckzitt an datt de Krich definitiv eriwwer ass, fir datt de Neiopbau vun der Gazasträif kéint ufänken.