Dofir wieren am Moment keng zousätzlech Inspektiounen néideg. Op operationellem Plang wier d‘Luxair op sou aussergewéinlech Situtaioune virbereet, äänlech Noutsituatiounen géife scho laang reegelméisseg am Simunlator trainéiert ginn.
Keng zousätzlech Kontrollen annoncéiert ginn
No dësem Virfall bei Malta Air hätt d‘Luxair awer elo zousätzlech eng spezifiesch Simulator-Trainingssequenz entwéckelt, déi all Pilote vun der Boeing 737-Flott an den nächste sechs Méint musse maachen.
Allerdéngs misst elo och op d‘Resultater vun der Enquête zu deem Virfall gewaart ginn – déi sinn nach net eraus – mee et dierft een net virzäiteg op eng ganz Fliger-Famill generaliséieren.
Bis haut hätt d‘Luxair keng zousätzlech obligatoresch Kontrollen oder operationell Restriktioune matgedeelt kritt. Wann se nei Instruktiounen oder Recommandatioune géif kréien, géif se déi direkt emsetzen. Sou d‘Luxair an der parlamentarescher Äntwert.