D’Naturschutzpolitik vun der schwaarz-bloer Regierung gouf vun internationalen Experten iwwerpréift: Si hunn ënner anerem recommandéiert, datt am Beräich vum Schutz vun der Biodiversitéit kommunal gréng Pläng sollen entstoen.
Weider hätt d’Landwirtschaft ee groussen Impakt, esou de Meris Sehovic, Deputéierte vun déi gréng.
"D'Subventiounen, d'Berodung an dat nächst Agrargesetz musse sech vill méi konsequent un eisen Naturschutzziler orientéieren. Wien am Sënn vun der Natur schafft, däerf net dee sinn, deen drop bezilt."
Etüden iwwer Schutzgebidder
A punkto Wëssen iwwer d’Biodiversitéit misste méi Etüde realiséiert ginn. Do géif et un enger Datebank, un engem Studium a Fuerschungsposten op der Uni feelen, betount de Meris Sehovic.
Et muss an den Ae vun der LSAP-Deputéiert Claire Delcourt och um Terrain geschafft ginn. Et wier wichteg, Schutzgebidder ze hunn, mee et wéisst een net a wéi engem Zoustand déi wieren.
"An ob mir d’Aarten do effektiv da kënne schützen. De Schutz muss dofir mat enger gudder Gestioun, der Restauratioun vun degradéiertem Liewensraum an dem Ofbau vun de Facteuren, déi d'Natur weider ënner Drock setzen, verbonne ginn."
An a punkto Flëss sot den ADR-Deputéierte Michel Lemaire, datt misst iwwer d'Qualitéit vum Fléissgewässer geschwat ginn.
"Do ass et u sech esou, datt mir do grouss Efforten ënnerhuele mussen, dat wësse mir och alleguerten. Mir schwätzen hei net nëmme vum Ofwaasser vun de Privatstéit, mee och vun Industriechemikalien, déi an eist Ofwaasser gelaangen."
COPe sti virun der Dier
Op Kriticken, datt et am Staatsbudget zu Kierzunge bei den Ausgaben, ëm d’Biodiversitéit koum, reagéiert den Ëmweltminister Serge Wilmes.
"Da gi mir gefrot, fir dat méi realistesch unzepasse bei deenen Ausgaben, déi tatsächlech dann an deem Joer solle gemaach ginn. An dowéinst ass do e gewëssene Montant erofgesat ginn, mee et soll awer keen Ausdrock si vun engem politesche Wëllen, deen net méi do ass, fir all déi Waasserprojete weiderhin ze ënnerstëtzen an et ass och weiderhi Budget do."
An den nächste Méint ginn et dräi grouss Rendez-vouse fir d’Natur an de Klima, mat der COP Biodiversitéit, der Klimakonferenz am November an der COP iwwer d’Ozeaner uganks 2027.