Noen Osten

Iran an USA attackéiere sech weiderhin - Pëtrolspräisser klammen nees

Déi géigesäiteg Attacken tëscht den USA an Iran gi virun. D‘Pëtrolspräisser klammen dowéinst.
D‘USA hu fënnef iranesch Pëtrolsschëffer an der Golfregioun bombardéiert. Teheran huet mat Rakéitenugrëff op eng US-Militärbasis a Jordanien an Attacken op US-Krichsschëffer an Transportschëffer reagéiert.

auto_stories

1 min

Eng iranesch Rakéit, déi a Jordanien ofgefaang ginn ass | © EPA/ATEF SAFADI
Eng iranesch Rakéit, déi a Jordanien ofgefaang ginn ass (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

De jordaneschen Autoritéiten no goufen 18 vun 20 iranesche Rakéiten interceptéiert. Zwou Rakéite wieren an enger onbewunnter Géigend erofgefall.

D‘Pëtrolspräisser hunn de Moie fréi an Asien nees bal d‘Mark vun 100 US Dollar de Barrel erreecht.