Frankräich

Sommet zu Évian: G7-Staate kënnegen nei Sanktioune géint Russland un

De G7-Sommet am franséischen Évian geet haut op en Enn. Gëschter um zweeten Dag vum Sommet stoung virun allem de Krich an der Ukrain op der Agenda, wou een den Drock op Russland erhéije wëllt. Den US-President Donald Trump bléift nom G7-Treffen nach a Frankräich fir ee Galadinner zu Versailles.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© EPA/Gonzalo Fuentes play_arrow
(Foto: EPA/Gonzalo Fuentes )

All Joer kommen d'Staat- a Regierungscheffen aus de siwe Länner Däitschland, Frankräich, Italien, Japan, Kanada, den USA a Groussbritannien zesumme fir iwwer geopolitesch Theemen ze beroden. D'Europäesch Unioun ass als Unioun och ob dësem Treffe vertrueden.

Selenskyj mat um Verhandlungsdësch

Gëschter um zweeten Dag vum Sommet am franséischen Évian war den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj als Gaascht invitéiert. Säin Wonsch - datt de Krich mat Russland bis Enn des Jores eriwwer ass. Hien hätt dem Emmanuel Macron am Virfeld vum Sommet proposéiert en Treffe mat der russescher Säit ze organiséieren, Moskau hätt awer net zougestëmmt.

Insgesamt, esou de Selenskyj, wier een haut an enger däitlech méi staarker Verhandlungspositioun wéi nach virun engem Joer. Dofir wëlle virun allem d’Europäer den amerikanesche President Donald Trump dovun iwwerzeegen, den Drock op Russland ze erhéijen, fir sech un de Verhandlungsdësch ze setzen.

Nei Sanktioune géint Russland

Um G7-Sommet a Frankräich goufen dunn och nei Sanktioune géint Russland ugekënnegt. Betraff wier ënner anerem de russesche Pëtrol- a Gassecteur, esou eng gemeinsam Deklaratioun vum de G7-Länner virum Ofschloss vum G7-Sommet haut zu Évian. De G7 wëllt och der Ukrain méi Loftverteidegungs-Capacitéiten a Waffe mat laanger Reechwäit liwweren. 

An der G7-Deklaratioun gëtt och de Kaderaccord tëschent den USA an dem Iran begréisst, deen e Freideg zu Genf ënnerschriwwe soll ginn. Den Accord kéint nees Fridden a Sécherheet an d‘Regioun bréngen a wier eng Chance, den Iran un der Entwécklung vun Atombommen ze hënneren, esou d‘Deklaratioun vum G7.

Trump: Stroftaxe kéinten nees eropgesat ginn 

Den Donald Trump huet gemengt, Russland misst sech elo op en Deal aloossen an huet an Aussicht gestallt, datt een nees Stroftaxen op russesche Gas an Ueleg wäert erhiewen, esou den US-President.

Elo wou d’Spritsituatioun sech dank dem Accord mam Iran géing berouegen an d’Präisser vum Pëtrol erofginn, kéint een och nees méi haart géint Russland duerchgräifen, fënnt den US-President.

Um leschten Dag vum Sommet haut stinn d‘Sujeten nohalteg Wirtschaft a Kënschtlech Intelligenz um Programm.

Macron invitéiert Trump op Gala-Dinner am Schlass zu Versailles

Den Owend nom G7 wäert sech nach eng Geleeënheet bidden. Fir den 250. Anniversaire vun der amerikanescher Onofhängegkeet huet de Macron ee Galadinner am Schlass zu Versailles fir säin amerikaneschen Homolog organiséiert, éier dësen nees op Washington flitt.

De Macron wäert iwwerdeems muer den Owend op France 2 Invité sinn an an engem Interview an e Bilan vum G7-Sommet zéien.

Lauschterenplay_arrow