EU-PILIER FIR SOZIAL RECHTER

EU muss Efforte maachen, fir sozial Ziler bis 2030 ze erreechen

D’EU huet sech konkret Ziler bis 2030 fir den Emploi, d’Formatiounen an d’Reduktioun vun Aarmut ginn. Den Tëschebilan weist: Besonnesch an der Aarmuts-Bekämpfung gëtt et vill opzehuelen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Roxana Mînzatu | © EC - Audiovisual Service play_arrow
Roxana Mînzatu (Foto: EC - Audiovisual Service)

Um Sozial-Sommet zu Porto ware sech 2021 d’EU Staats- a Regierungscheffen ënnert der Initiativ vum deemolegen EU-Kommissär fir dat Soziaalt, dem Nicolas Schmit, iwwer dräi konkret Ziler bis 2030 eens ginn.

Deemno sollten op mannst 78 Prozent vun de Leit tëschent 20 a 64 Joer eng Aarbecht hunn, op d'mannst 60 Prozent sollten all Joer eng Fortbildung maachen a bis 2030 sollten an der EU op d'mannst 15 Millioune Leit manner vun Aarmut betraff sinn.

Déi Ziler waren ambitiéis an et ass zënterhier net méi einfach gi se ze erreechen. Zäiten hu geännert, ekonomesch, sécherheetspolitesch, geopolitesch, sot de Mëtteg déi aktuell EU-Kommissärin fir d’Sozialpolitik, d’Roxana Mînzatu.

Chômage no um Zil, Aarmut bleift Erausfuerderung

Et gëtt nei Erausfuerderungen, ma den europäesche Pilier fir sozial Rechter muss weider eise Kompass bleiwen, fënnt d’Rumänin.

Wat déi gesaten Ziler ugeet, ka sech de Bilan, wat de Chômagetaux ugeet, weise loossen. Ëmmerhin hunn den Ament - den EU-Statistiken no - 76 Prozent vun de Leit eng Aarbecht. Do feelen also just nach zwee Prozent fir den Objektiv vun den 78 Prozent am Joer 2030 ze erreechen.

Manner gutt gesäit et bei de Fortbildungen aus - hei läit den aktuellen Taux bei 40 Prozent - uviséiert si 60 Prozent. 

Am schappegste schneit d’EU of, wat d’Aarmut ugeet - tëschent 2019 an 2025 gouf d’Zuel vun de betraffene Leit just ëm 3,5 Millioune reduzéiert - do si mir also wäit vun de gewënschte Minus 15 Milliounen ewech.

Fokus op Mënschen ausserhalb vum Aarbechtsmaart

55 Millioune Leit an der EU si guer net um Aarbechtsmaart - op déi wëllt sech d’Kommissioun an der Zukunft besonnesch konzentréieren. 33 Milliounen dovu si Fraen.

D’Memberlänner musse besser Servicer offréieren, fir déi Leit ze aktivéieren, esou d’EU-Kommissärin.

D’Kommissioun wëllt eng Consultatioun bei de Sozialpartner lancéieren, fir een europäeschen Aktiounsplang auszeschaffen. Méi Detailer huet déi rumänesch Sozialistin dozou net ginn.

Aner méi konkret Mesurë goufen haut keng presentéiert.

Kënschtlech Intelligenz wier och ee grousst Thema am soziale Beräich, esou nach d’Roxana Mînzatu. Geplangt ass hei, datt een Experte-Grupp soll op d’Bee gestallt ginn, fir ze ënnersichen, wéi KI d’Struktur vun den Aarbechtsplaze beaflosst.

Lauschterenplay_arrow