Déi sougenannt Éiwegkeetschemikalie TFA entsteet beim Ofbau vu Pestiziden an aus verschiddenen Industriegasen. Si ass praktesch an alle Waasserquellen a Liewensmëttel ze fannen a gëtt bal net ofgebaut.
TFA kënnt bal iwwerall vir
No neie wëssenschaftlechen Etüde recommandéiert d'EFSA, de Grenzwäert fir Konsumenten op 0,014 Milligramm pro Kilogramm Kierpergewiicht ze reduzéieren. Dat entsprécht enger Reduktioun ëm de Faktor 3,5 am Verglach zu de Recommandatioune vun 2017.
Iwwer dësem Grenzwäert besteet e Gesondheetsrisiko, ënner anerem wat de Kriibsrisiko a Verännerungen am Hormonsystem ugeet. Laangfristeg Schied un der DNA hätten d'Experten awer ausgeschloss, esou d’EFSA.
D'Experte ginn dovun aus, datt d'Grenzwäerter an Zukunft nach weider kéinte reduzéiert ginn.
Erausfuerderung fir d'Drénkwaasseropbereedung
Déi nei Recommandatioune kéinten d'Opbereedung vum Drénkwaasser virun nei Erausfuerderunge stellen. An Däitschland a Frankräich gëlle momentan Grenzwäerter vu 60 Mikrogramm pro Liter Drénkwaasser, wärend aner Staaten däitlech méi niddreg Limite festgeluecht hunn.