EU-Parlament

De Sacharow-Präis 2026 vum EU-Parlament geet un den Internationale Strofgeriichtshaff

Den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag kritt dëst Joer de renomméierte Sacharow-Präis vum EU-Parlament. Den Internationale Strofgeriichtshaff a seng Mataarbechter:inne géifen ausgezeechent ginn, fir hir wichteg Aarbecht, déi si maache fir dat internationaalt Recht an d‘Gerechtegkeet.

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Thomas Lammeyer
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Thomas Lammeyer)

Dat Geriicht gouf 2002 an d’Liewe geruff fir sech mat Fäll vu Genocide, Verbrieche géint d’Mënschlechkeet oder Krichsverbriechen ze befaassen.

E steet am Moment ënner Drock wéinst de Sanktioune vun den USA. Déi amerikanesch Regierung gehäit dem Internationale Strofgeriichtshaff fir, politesch motivéiert ze handelen, virun allem wéinst dem internationalen Haftbefeel géint den israeelesche Premier Netanjahu.

USA hunn Den Haag sanktionéiert

D’USA hate schonn zejoert 17 Persounen, Riichter an anerer, vum internationale Strofgeriicht zu Den Haag sanktionéiert. D’Geriicht wier ze vill politiséiert, esou d’Kritik aus dem Wäissen Haus.

Den 10. Oktober gouf eng Schëpp bei Sanktioune bäigeluecht. D’USA hunn ënner anerem annoncéiert bis a sechs Méint d’Verméige vum Strofgeriichtshaff an den USA op Äis ze leeën.

Déi nei Sanktiounen hätten och Repercussiounen op europäesch Entreprisen, déi an den USA Geschäfter maachen a mam Geriichtshaff zesummenzeschaffen. Dat betrëfft ënner anerem Banken, Assurancen oder Software-Entreprisen.

Verschidden Europadeputéiert fuerderen elo, datt d'EU op d'Sanktioune reagéiere muss. Lëtzebuerg wëllt awer fir d'éischt op Dialog setzen, esou de Premier Luc Frieden (CSV).