Dr. Chris Roller am Interview

“Dat ass un Hypokrisie net ze iwwertreffen”: AMMD-President kritiséiert CNS a Politik

Op eng nei Konventioun eenege konnte sech CNS an AMMD net. Den AMMD-President Chris Roller gesäit eng Deelschold awer och an der Politik, wou kee Wëllen a kee Courage ze gesi wier, Saachen ze veränneren. Virun allem d'Ministesch bleift net vu Kritik verschount.

auto_stories

6 min

headphones

14 min

De Chris Roller | © Radio 100,7 play_arrow
De Chris Roller (Foto: Radio 100,7)

Huet d’AMMD sech am Clinch mat der CNS ëm eng nei Konventioun verpokert? Där Meenung war de Carlos Pereira, Member vum Verwaltungsrot an der CNS.

Kee Pokerspill, mee een Trauerspill

Den Dr. Chris Roller, President vun der Doktesch an Zänndokteschassociatioun, stëmmt där Ausso am 100,7-Interview net zou.

“Wann een dat als Conseilsmember als Pokerspill ugesäit, dann ass een op der falscher Plaz. D’AMMD gesäit dat net als Spill, mee als Trauerspill, well ee Reformen, déi ee versprach krut, net ëmgesat ginn.”

Zur Wouerecht gehéiert awer och, datt d’AMMD hir Ziler bis elo net erreecht huet. D’Konventioun mat der CNS ass gekënnegt ginn. Vun November u wäerten zwee Règlement-grand-ducallen dat meescht reegelen, wat an der Konventioun steet. Déi Texter entspriechen dobäi quasi eent zu eent der Konventioun.

"Et goufe Reforme versprach"

De Chris Roller mécht nach emol kloer, wat seng Associatioun wëllt:

“Mir wollten eng nei Konventioun, eng besser Konventioun, a keen De-Konventionnement.”

Senger Meenung wier d’Politik elo iwwerrascht, datt si net noginn hätten. Dobäi wier déi aktuell Konventioun keng op Aenhéicht gewiescht, mengt den AMMD-President.

“Et goufe Reforme versprach, méi ambulant Medezin, kleng Interventioune fir d’Waardezäiten erofzesetzen. Bis elo ass dat net erreecht ginn.”

Et gëtt allerdéngs e Projet de loi, d’Loi hospitalière, déi reegele soll, dat an den Dokteschcabinete gemaach ka ginn a wat net. Déi wier awer och kee “groussen Duerchbroch”, seet de Chris Roller.

Weder Wëllen, nach Courage

Hie fënnt et schued, datt ee vu Säite vun der CNS an dem Gesondheetsministère soe géing, d’Diere géingen ëmmer grouss opstoen. “Dat ass un Hypokrisie net ze iwwertreffen”, kritiséiert den AMMD-President.

“D’CNS huet ëmmer gesot: Mir hunn e legale Kader, do kënne mir net driwwer ewech goen. De Ministère sot, mir misste mat der CNS negociéieren, dat léich net un hinnen.”

D’Gesondheetskeess CNS ass effektiv un e legale Kader gebonnen. Aus genee deem Grond wollt een dofir zesumme mat hinne Richtung Politik goen, erkläert de Chris Roller. Mee hien hätt gemierkt, datt kee Wëllen op Ännerung - weder bei der CNS, nach an der Politik - ze gesinn ass.

“Et gi vill Situatiounen, wou een de legale Kader ka méi large interpretéieren. (...) Wann de Wëllen an de Courage do ass, eppes ze änneren, da kritt een dat och hin.”

"Ech gesinn do net, wou eng Dier fir Diskussioune sollt op sinn"

D’CNS hätt ausserdeem genee gewosst, datt d’AMMD ouni gesetzlech Ännerung keng nei Konventioun ënnerschreiwe géing. Op d’Opfuerderung vun der AMMD, zesumme bei d’Politik ze goen, hätt ee vun der CNS ni eng Äntwert kritt, seet de Chris Roller.

Och wärend der Mediatioun hätt hien dat selwecht Verhale festgestallt. Do hätt d’Mediatrice proposéiert, datt d’AMMD d’Konventioun ënnerschreiwe sollt, mam Versprieche vun der CNS sech zesummen un d’Politik ze adresséieren. “Och dorop koum keng Äntwert.”

“Wann e Wëllen do ass vun der CNS an och vun der Politik, da kann ech mir virstellen, datt een eng besser Konventioun aushandele kann an eppes reforméiere kann.”

An der Mediatioun hätt een awer och vum CNS-President gesot kritt, datt d’Gesondheetskeess keng Absicht hätt, eppes um legale Kader ze änneren. Och d’Tariffer fir d’Doktere wéilte si weider fixéieren.

“Ech gesinn do net, wou eng Dier fir Diskussioune sollt op sinn.”

Keng Ännerungen, mee och keng Verbesserunge fir d'Patienten

Mam Règlement grand-ducal, dat am November dann a Kraaft triede wäert, géing ee sech an enger Staatsmedezin befannen, genee wéi an England mat der NHS, warnt de Chris Roller. Da wier et d’Politik, déi iwwer d’Medezin géing decidéieren, an dat wier am Interêt vu kengem.

D’CNS an d’Politk sinn dem Chris Roller no also net vun hirer Positioun ofgeréckelt. D’AMMD awer och net. “Si hunn eis keen anere Choix gelooss”, äntwert dorop den AMMD-President.

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez huet am 100,7-Interview nach emol betount, datt sech fir d’Patienten näischt ännere wäert. Dat géing vläicht stëmmen, seet de Chris Roller, mee Verbesserunge dierft ee sech elo och net erwaarden.

“D’Waardezäite wäerte sécher net rofgoen an de System wäert och net méi effizient a käschtegënschteg ginn.”

"D’Madame Deprez war jo net am Walkampf dobäi" 

Wéi kënnt een also aus där Sakgaass eraus? Dem Chris Roller no misst d’Regierung – an deem Fall dann d’CSV - dat ëmsetzen, wat si an hirem Walprogramm versprach hat, respektiv wat am Koalitiounsaccord steet.

Der Martine Deprez no ass dat awer de Fall, wéi si gëschter am 100,7-Interview sot.

“D’Madame Deprez war jo net am Walkampf dobäi an ass net gewielt ginn, vläicht weess si net alles, wat hir Partei versprach hat.”

D’AMMD géing sech zukünftegen Diskussioune jiddefalls net verschléissen, mengt de Chris Roller.

E "Gesondheetsdësch" als Léisung?

Eventuell kéint e grousse “Gesondheetsdësch”, wéi d’MSH, d’Associatioun vun de Spidolsdokteren et proposéiert huet, eng Léisung sinn?

Dem Chris Roller no géing dat zum Deel d’Revendicatiounen, déi d’AMMD huet, confirméieren. Hie gëtt der Presidentin Dr. Reiff Recht, déi gesot huet, datt et am Gesondheetssecteur un enger Visioun fir déi nächst 20 Joer feelt. Mee:

“Mir hu probéiert un engem Dësch ze setzen, wärend de Verhandlungen an der Mediatioun. Mir hunn et net fäerdegbruecht.”

Doriwwer eraus wier et wichteg ze betounen, datt d’MSH just spezifesch d’Interesse vun de Spidolsdoktere vertrëtt. D’AMMD wier do méi breet opgestallt a misst méi Intressen zesumme bréngen, seet de Chris Roller.

AMMD-President schléisst gewerkschaftlech Aktiounen net aus

A propos méi breet opgestallt: Wéi vereent ass d’AMMD? Ginn et och Memberen, déi de Wee, deen ageschloe gouf, net guttheeschen?

Bis elo hätt hien nach keng negativ Kritik ze héiere kritt, seet de Chris Roller. Am Géigendeel: Hien hätt E-Maile mat Felicitatioune geschéckt kritt.

“Mir sinn d’Associatioun mat de meeschte Memberen. Et kann een net fir all Member am Land schwätzen, mee fir e groussen Deel, wéi bei anere Gewerkschaften eben och.”

Zënter der Kënnegung vun der Konventioun hätt een iwwerdeems éischter Membere bäigewonn wéi datt een der verluer hätt.

Kënnt et an Zukunft nach zu gewerkschaftlechen Aktioune vun der AMMD? Déi nächst Conseilssëtzung ass am September, esou de Chris Roller. “Da kucke mir, wat mir soss nach wäerte maachen.”

Ausschléisse wollt hien et awer net.

Lauschterenplay_arrow