Den Observatoire de l'habitat huet Leit, déi hei am Land wunnen an op d'mannst eng Wunneng oder een Haus verlounen, ënner d'Lupp geholl. D'Betounung läit op verlounen an net "ze verlounen hunn", well et sinn nämlech alles Menagen, déi e "Mietakommes" hunn.
De Bien muss also per Kontrakt an der Locatioun sinn, d'Haus oder d'Wunneng kann awer hei am Land sinn oder am Ausland. D'Zil vun den Auteure vum Observatoire de l'habitat war et erauszefannen, wat ënner anerem déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vun engem Bailleur hei zu Lëtzebuerger ass.
60 Prozent méi Akommes
En Haushalt, deen e Bien hei am Land verlount, huet am Duerchschnëtt ronn 30.000 Euro Brutto Mietakommes pro Joer. Déi Zomm mécht awer just 16 Prozent vun hirem Bruttoakommes pro Joer aus - dat läit an der Moyenne nämlech bei iwwer 200.000 Euro pro Joer.
D'Akommes vun engem Vermieter ass deemno ronn 60 Prozent méi héich wéi dat vun engem Menage, deen zwar vläicht Proprietär vu sengem Logement ass, awer näischt huet fir weider ze verlounen.
41 Prozent sinn an der Pensioun
E groussen Deel vun de Proprietäre sinn an der Pensioun (41 Prozent) a 60 Prozent vun hinne si Lëtzebuerger. Wat den Educatiounsniveau ugeet huet den Observatoire de l'habitat festgestallt, datt ënner de Bailleuren nëmme liicht méi Persoune sinn, déi een Unisdiplom hu wéi beim Rescht vun der Populatioun.
Kloer ass op alle Fall, datt d'Vermieter an den héchsten Akommeskategorien iwwervertruede sinn. Op d'Land gekuckt ginn et gutt 40.000 Persounen, déi een Haus oder eng Wunneng hei oder am Ausland verlounen. Dat si ronn 13 Prozent vun der Populatioun.
Ierfschaft a Schenkungen
De gréissten Ënnerscheed gëtt et awer beim Patrimoine - dat heescht bei Besëtztemer a Erspuertem. Dësen ass bei Bailleuren 3,5 Mol esou héich wéi bei Leit, déi näischt verlounen.
All zweete Bailleur huet vun enger Donatioun oder enger Ierfschaft profitéier. Bei de Leit, déi näischt verlounen, ass et just all Fënneften. De Wäert vun den Immobilien ass déi lescht Jore staark eropgaangen. Dat hänkt natierlech mat der Präisentwécklung zesummen.
Grouss Immobiliebesëtzer an der Etüd ënnerrepresentéiert
D'Auteure vun der Etüd weise selwer drop hin, datt dës hir Limitten huet. Persounen, déi am Ausland wunnen an awer Logementer hei am Land verlounen, ginn net mat abezunn.
Onkloer ass och, wéi vill Wunnengen déi eenzel Menagë genee verlounen. D'Auteure soe selwer, datt grouss Immobiliebesëtzer dowéinst hei kéinten ënnerrepresentéiert sinn.
Fir an Zukunft méi komplett ze si proposéieren d'Auteuren, d'Donnéeën, déi d'Steierverwaltung an de Kadaster hunn, mat an esou eng Analys iwwer d'Bailleuren anzebauen. De geplangte Mietkadaster, dee bis 2028 sollt stoen, kéint an Zukunft och dozou bäidroen, e vill méi komplett Bild vum Locatiounsmaart an eeben och de Bailleuren dann ze kréien.
De ganze Reportage kënnt Dir hei lauschteren.
Präisser bei de Bauterrainen hu sech stabiliséiert
Et ginn och rëm méi Bauplaze verkaaft, esou de Bilan Observatoire de l‘habitat vum Joer 2025: Virun zwee Joer waren et 560 Terrainen, d‘lescht Joer waren et der nees iwwer 600. D'Zuele leien awer ëmmer nach ënner dem Niveau vu virun 2022. Dës waren zënterhier ëm iwwer d‘Hallschent zréckgaangen.
Tëschent 2010 et 2022 wieren d'Präisser vun de Bauterraine progressiv ëm iwwer 150 Prozent geklommen. Zënterhier (2022) sinn dës awer ëm bal 15 Prozent gefall. Elo hätte se sech erëm agependelt a wieren d‘lescht Joer och stabel bliwwen, esou de Bilan.
D'Immobiliepräisser sinn erëm liicht geklomm
Dës Evolutioun wier contraire zu där vun den Immobiliepräisser. Hei war et e Plus vu 1,6 Prozent am Joer 2025 - beim Neibau war et souguer eng Hausse vu bal 2 Prozent. Wéi et am Rapport heescht wieren awer net just d'Präisser vun de Logementer an d'Luucht gaangen, mee och d'Konstruktiouns-Käschten. Dat ëm 1,8 Prozent.
Grouss Ënnerscheeder jee no geographescher Lag
Wat de Präis vun de Bauterrainen ugeet hätte sech sechs Regiounen an de leschte Joren (2023-2025) erausgeschielt. De Median-Präis fir een Ar an der Stad Lëtzebuerg leit bei 259.159 Euro. Am "centre-nord", wéi et am Rapport heescht, géif een Ar 45.981 Euro kaschten.