PHP ass eng Programméiersprooch, déi weltwäit fir eng grouss Zuel vu Websäiten an Online-Applikatioune benotzt gëtt. Nei Sécherheetslacune kéinten den Autoritéiten no vu Cyberkriminellen ausgenotzt ginn.
D'Lëtzebuerger Autoritéiten hätte schonn eng Rei preventiv Mesurë geholl, fir potenziell concernéiert IT-Systemer besser ze schützen. Wéi eng konkret Systemer a Gefor sinn, geet aus dem Communiqué net ervir.
Weider Analysen a Preventiounsmesuren
D'Autoritéite recommandéieren de Bedreiwer vun IT-Systemer, sech wann néideg un hir zoustänneg Cybersecurity-Ekippen ze wenden.
Déi zoustänneg Servicer géifen d'Situatioun weider analyséieren a préiwen, ob zousätzlech Sécherheetsmesuren néideg sinn.
Un der Reunioun vun der cellule d'évaluation waren ënner anerem Vertrieder vum staatleche Cybersécherheetsdéngscht GOVCERT, der Finanzopsiicht CSSF, dem Institut luxembourgeois de régulation (ILR) an der Lëtzebuerger Arméi bedeelegt.