Pfleeg

COPAS kritiséiert den Oflaf vun de Qualitéitskontrollen an den Altersheemer

Den Dagverband vun den Akteuren aus dem Pfleegesecteur begréisst de Prinzip vum Gesetz, dat d'Qualitéitskontrolle reegelt, seet hire President am 100,7-Interview. Zënter datt d'Gesetz a Kraaft ass, also zënter dräi Joer, géif een awer feststellen, datt weesentlech Punkten misste verbessert ginn.

auto_stories

2 min

Pierre Jaeger
Pierre Jaeger

Et géif keng eenheetlech vergläichbar Basis ginn, mat der d'Qualitéit vun den ënnerschiddleche Strukture kéint festgestallt ginn, esou de Pierre Jaeger. Déi verschidden Haiser géifen ënnerschiddlech schaffen, well se verschidden Aktivitéiten hunn. 

"Mir vermëschen eigentlech hei subjektiv an objektiv Elementer, déi keng Reproduktivitéit vun den Donnéeën erlaabt." 

Déi néideg Standarde wieren néirens definéiert, esou de Pierre Jaeger. Et géif zwar e Katalog u Krittäre ginn, mee déi wieren net tëschent de Prestatären ze vergläichen. Dobäi kéim, datt d'Auswäertung no de Kontrollen dacks laang kéint daueren, soudatt déi Publikatioune géife riskéieren net um neitste Stand ze sinn. 

Elo misst ee sech deen Text nach eemol ukucken an amendéieren, esou de Pierre Jaeger. An dat dierft a sengen Aen lo net méi laang daueren. 

"Et wier schued, fir déi Zäit elo ze verléieren, fir nach eng Analys ze maachen, wou mer elo scho wëssen, datt mer Onkohärenzen an der Methogologie gëtt." 

Et wier een a konstantem Austausch mam Ministère, esou nach de Pierre Jaeger. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mam President vun der COPAS