Griicheland

A Griicheland si bannent e puer Stonnen 39 Bësch- a Vegetatiounsbränn ausgebrach

Wéi d‘Pompjeeë matgedeelt hun wier dat schwieregst Feier op der Insel Salamis, virun Athen. Op där Insel läit déi gréisst Basis vun der griichescher Krichsmarinn.

auto_stories

1 min

© EPA/GEORGE VITSARAS
(Foto: EPA/GEORGE VITSARAS)

Déi griichesch Krichsmarinn wier awer net wéinst dem Feier a Gefor, esou d‘Pompjeeën. A Griichenland gëtt et weider eng Hëtztwell, déi nach bis d‘nächst Woch soll daueren. Zu Athen waren et gëschter 40 Grad.