Däitschland

13,4 Millioune Mënsche liewen an Aarmut - esou vill wéi zënter 2020 net méi

Ronn 16 Prozent vun der däitscher Bevëlkerung lieft an Aarmut, wéik d'Zuele vum Paritätischen Gesamtverband fir d'Joer 2025 weisen. Déi lescht Kéier, datt esou vill Mënschen an Aarmut hu misse liewen, war also wärend Covidzäiten.

auto_stories

1 min

Am stäerkste betraff vun Aarmut sinn Elengerzéiender, a Leit déi eleng liewen. An den Altersgruppen tëschent 18 a 25 grad ewéi vun 65 Joer un ass d'Aarmut iwwerduerchschnëttlech héich, esou déi rezent Zuelen.