Däitschland

Awunner:inne vun Hamburg stëmme géint Olympia-Kandidatur

Zu Hamburg wëllt eng Majoritéit vu Leit net, datt déi Olympesch Spiller a paralympesch Spiller an der Stad ofgehale ginn. An engem Referendum hu ronn 55 Prozent géint eng Olympia-Kandidatur vun Hamburg fir 2036, 2040 oder 2044 gestëmmt.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Katrin Luxenburger
(Foto: picture alliance/dpa | Katrin Luxenburger)

Den éischte Buergermeeschter vun Hamburg, de Peter Tschentscherm, sot, hie géif d‘Resultat bedaueren. Hien hätt dem däitschen olympesche Sportbund matgedeelt, datt Hamburg seng Kandidatur elo zeréckzitt. 2015 war och schonn eng Olmypia-Participatioun vun Hamburg an engem Referendum ofgeleent ginn. 

Nach ëmmer an der Course fir eng däitsch Olympia Kandidatur si München, d‘Rhein-Ruhr-Region mat Köln als Zentrum, a Berlin. Den däitschen olympesche Sportbund decidéiert Enn September iwwer den däitsche Kandidat.