Zwee russesch Komponisten am Fokus

headphones

121 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Sergej Rachmaninow an den Dmitri Schostakowitsch stounge beim Komponéieren ëmmer nees ënner dem Afloss vum russesche Regime - bei deem enge war et dat autokratescht Zarenräich, bei deem aneren de Stalinismus. An awer hunn se allebéid op hir Aart a Weis zwee Meeschterwierker geschaf, déi bis haut reegelméisseg op de Concertsaffiche stinn.

Den Ufank markéiert dem Sergej Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto a Ré Mineur, dee wuel leschte virtuose Pianosconcerto aus der Museksgeschicht, deen nach déi spéitromantesch Klangsprooch a sech dréit. Dëst Wierk aus dem Joer 1909 ass an enger Zäit entstanen, déi duerch Onrouen a Protester géint de russeschen Zareregime geriicht waren. Trotzdeem weist dem Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto awer och ëmmer nees ee gewëssene Stolz an eng grouss Léift fir säin Heemechtsland op.

Ganz anescht ass dat beim 2. Wierk vun dësem Concertsprogramm, dem Dmitri Schostakowitsch senger 6. Sinfonie. Ënner dem Afloss vum Diktator Stalin sollt et zu grousse Kulturreforme kommen an all Kënschtler, Wëssenschaftler oder aner Intellektuellen, deen sech deem entgéint stellt, riskéiert verhaft, gefoltert oder ermort ze ginn. Ënner dëser stänneger Angscht huet den deemools eréischt 29 Joer ale Schostakowitsch dëst Wierk geschriwwen - eng Sinfonie, déi déi klassesch Formen aus dem 19. Joerhonnert komplett opgëtt an den Horror vun där Zäit musikalesch verbildlecht.

Interpretéiert gëtt dëse Programm vum Francesco Piemontesi um Piano an de Lëtzebuerger Philharmoniker ënner dem Dirigat vum Daniele Rustioni. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 21. Oktober 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.


Programm:

Sergej Rachmaninow (1873-1943): Pianosconcerto No.3 a Ré Mineur, Op. 30

Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Sinfonie No.6 a Si Mineur


Interpreten:

Francesco Piemontesi (Piano)

Lëtzebuerger Philharmoniker

Daniele Rustioni (Dir.)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Flirte mat 4 Säiten

Flirte mat 4 Säiten

Wéi kann een hautdesdaags nach ee Mënsch fir sech gewannen a muss een dofir wierklech e Romeo sinn oder ënner engem Balcon stoen?
play_disabled
D'Finall vum internationalen Uergelconcours 2025

D'Finall vum internationalen Uergelconcours 2025

Héichpunkt vun der Uergelkonscht mat der Finall vum 10. Diddelenger Uergelconcours: 5 international Solisten a Solistinne spillen op der beandrockender Stahlhut-Jann Uergel.
headphones

120 min

play_arrow
Musikalesche Botschafter vu Lëtzebuerg | © Foto Quell: www.luxembourgmusicpublishers.lu

Musikalesche Botschafter vu Lëtzebuerg

Hommage un den Henri Pensis
play_disabled
In Paradisum: Kläng vun der Erléisung | © megaron.gr

In Paradisum: Kläng vun der Erléisung

De Requiem vum Gabriel Fauré mam ERT National Symphony Orchestra and Choir
play_disabled
"Auferstehungssymphonie" vum Mahler | © Theresa Wey

"Auferstehungssymphonie" vum Mahler

Den ORF Radio-Symphonieorchester ënner der Leedung vun der Marin Alsop
play_disabled
Vun der Gregorianik an d'21. Joerhonnert | © Andy Staples

Vun der Gregorianik an d'21. Joerhonnert

Wéi sech virun 20 Joer den Ensembel Voces8 gegrënnt huet, war et déi Entdeckung an der internationaler Chouerzeen.
play_disabled

Der fliegende Holländer

Dem Richard Wagner seng Oper “Der fliegende Holländer” als Concertversioun.
play_disabled
Märercher, Legenden a Mythen | © Simon Pauly

Märercher, Legenden a Mythen

Märercher, Legenden a Mythen . dorëms geet et an engem Concert mat impressionistesche Klangfaarwen.
play_disabled
Grouss Sinfonien | © Quell: EBU

Grouss Sinfonien

Den Herbert Blomstedt dirigéiert Wierker vum Berwald, Mahler a Sibelius.
play_disabled
200 Joer Johann Strauss | © Jorge Royan

200 Joer Johann Strauss

Wiener Walzer, Polkaen an Operetten - den ireschen RTE Concert Orchestra spillt e Concert zu Éiere vum sougenannte “Walzerkinnek”, dem Johann Strauss den Zweeten.
play_disabled
Beethoven, Schnittke, Mozart mam ONJ | © Maike Helbig

Beethoven, Schnittke, Mozart mam ONJ

Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg mam Felix Klieser
play_disabled
Piano héich 2 | © Jānis Vecbrālis

Piano héich 2

Mozart, Poulenc a Pelecis - gespillt vun dräi verschiddene Piano-Duoen.
play_disabled
60 Joer Georges Lentz

60 Joer Georges Lentz

Dem Lëtzebuerger Komponist Georges Lentz säi 60. Gebuertsdag gëtt mat dësem Concert musikalesch ugestëmmt.
play_disabled
Zwou Stonne Mozart | © Marco Borrelli

Zwou Stonne Mozart

Sinfonie Nr. 32, Le nozze di Figaro a Pianosconcertoen Nr. 9 a 26 mam Kyohei Sorita a mam Mozarteumorchester Salzburg
play_disabled
Finnesch Sinfonien an eng Grëtz Parodie | © Blunderbuss NRK

Finnesch Sinfonien an eng Grëtz Parodie

Jean Sibelius trëfft op Dmitri Schostakowitsch.
play_disabled
Grouss Pianosvirtuosin aus Südkorea | © Marco Borggreve

Grouss Pianosvirtuosin aus Südkorea

Déi koreanesch Pianistin Yeol Eum Son spillt den 3. Pianosconcerto vum Rachmaninow, mam sloweenesche Radio-Symphonieorchetser.
play_disabled
Glass Two | © Julian Mährlein

Glass Two

D’Pianistin Danae Dörken an de Vibraphonist Pascal Schumacher huelen iech mat op eng faszinéierend Klangrees duerch d’Welt vum Minimalismus.
play_disabled
“Bach fir zwee” aus Bukarest | © Yat-Ho Tsang

“Bach fir zwee” aus Bukarest

Eng Iwwerdroung aus dem prächtegem Athenaeum zu Bukarest: de gefeierte jonken Cembalist Andreas von Heißen an de rumänesche Barockensembel Sempre mam Bach sengen Cembalosconcerten
play_disabled
Mahler an Tschaikowski: Um Héichpunkt vun der Romantik | © samuelhasselhorn.com

Mahler an Tschaikowski: Um Héichpunkt vun der Romantik

Den HR-Sinfonieorchester huet sech mat dësem Concert-Programm direkt zwee Meeschterwierker aus der Héichromantik operluecht.
play_disabled
Musek am Schlass Sans Soucis | © Yuropoulos

Musek am Schlass Sans Soucis

Friedrich de Grousse war net nëmmen de Kinnek vu Preussen, mee och en talentéierte Flüttist a Komponist.
play_disabled