Zwee russesch Komponisten am Fokus

headphones

121 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Sergej Rachmaninow an den Dmitri Schostakowitsch stounge beim Komponéieren ëmmer nees ënner dem Afloss vum russesche Regime - bei deem enge war et dat autokratescht Zarenräich, bei deem aneren de Stalinismus. An awer hunn se allebéid op hir Aart a Weis zwee Meeschterwierker geschaf, déi bis haut reegelméisseg op de Concertsaffiche stinn.

Den Ufank markéiert dem Sergej Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto a Ré Mineur, dee wuel leschte virtuose Pianosconcerto aus der Museksgeschicht, deen nach déi spéitromantesch Klangsprooch a sech dréit. Dëst Wierk aus dem Joer 1909 ass an enger Zäit entstanen, déi duerch Onrouen a Protester géint de russeschen Zareregime geriicht waren. Trotzdeem weist dem Rachmaninow säin 3. Pianosconcerto awer och ëmmer nees ee gewëssene Stolz an eng grouss Léift fir säin Heemechtsland op.

Ganz anescht ass dat beim 2. Wierk vun dësem Concertsprogramm, dem Dmitri Schostakowitsch senger 6. Sinfonie. Ënner dem Afloss vum Diktator Stalin sollt et zu grousse Kulturreforme kommen an all Kënschtler, Wëssenschaftler oder aner Intellektuellen, deen sech deem entgéint stellt, riskéiert verhaft, gefoltert oder ermort ze ginn. Ënner dëser stänneger Angscht huet den deemools eréischt 29 Joer ale Schostakowitsch dëst Wierk geschriwwen - eng Sinfonie, déi déi klassesch Formen aus dem 19. Joerhonnert komplett opgëtt an den Horror vun där Zäit musikalesch verbildlecht.

Interpretéiert gëtt dëse Programm vum Francesco Piemontesi um Piano an de Lëtzebuerger Philharmoniker ënner dem Dirigat vum Daniele Rustioni. Dir kënnt dëse Concert nach bis den 21. Oktober 2026 an eiser Opus-Mediathéik nolauschteren.


Programm:

Sergej Rachmaninow (1873-1943): Pianosconcerto No.3 a Ré Mineur, Op. 30

Dmitri Schostakowitsch (1906-1975): Sinfonie No.6 a Si Mineur


Interpreten:

Francesco Piemontesi (Piano)

Lëtzebuerger Philharmoniker

Daniele Rustioni (Dir.)

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Eng Première an en Debut

D'Uropféierung vum Roland Kunz sengem Cellosconcerto an dem Dirigent Michael Sanderling seng éischt Opféierung vum Mahler senger Sinfonie Nr. 7
play_disabled
Franséisch Impressiounen

Franséisch Impressiounen

Den ungaresche Radio Symphony Orchestra presentéiert ee Programm, deen e puer Bijouen aus dem franséischer Fin de siècle fir eis bereet hält.
play_disabled
Londoner Sinfonien | © hr/Ben Knabe

Londoner Sinfonien

Londoner Sinfonië vum Johann Christian Bach an Haydn: Ufank an Héichpunkt vun der Klassik
play_disabled
Gestillte Sehnsucht | © Kevin Prud’homme

Gestillte Sehnsucht

E Concert voller Romantik an Neoklassik, mat Musek fir Trio mat Braatsch, Piano a Klarinett
play_disabled
E musikalescht Freedefeier mam Ensembel Ad libitum | © Ad Libitum

E musikalescht Freedefeier mam Ensembel Ad libitum

Dëse Concert gouf am Kader vum Europadag 2025 an der Kierch zu Mäerzeg opgeholl a steet am Zeeche vum Fridden.
play_disabled
Hommage un de Béla Bartók | © Michal Fanta

Hommage un de Béla Bartók

En Hommage un deen ungaresche Komponist Béla Bartók, bei Geleeënheet vu sengem 80. Doudesdag
play_disabled
Franséisch Klangwelte mat der Cathy Krier | © inesra

Franséisch Klangwelte mat der Cathy Krier

Ee Concert, dee ganz ëm de Ravel, seng Virbiller a Nofollger dréit.
play_disabled
Britten an Elgar | © Foto: www.drp-orchester.de

Britten an Elgar

Grouss englesch Sinfonik, mee trotzdeem manner prominente Repertoire: de Pianosconcerto vum Britten an déi éischt Sinfonie vum Elgar
play_disabled
Redecouverte vun enger grousser Kënschtlerin | © picture alliance / Heritage Images | © Fine Art Images/Heritage Images

Redecouverte vun enger grousser Kënschtlerin

E Kammermuseksconcert, bei dem nieft Johann M. Haydn, Borodin a Bruch virun allem déi aussergewéinlech Musikerin Louise Farrenc am Fokus steet.
play_disabled
Happy Birthday Arvo Pärt! | © Kaupo Kikkas

Happy Birthday Arvo Pärt!

Den estnesche Komponist Arvo Pärt verbënnt Mënsche ronderëm d'ganz Welt. Seng Musek steet och um Programm vun engem grousse Concert vum Estonian Philharmonic Chamber Choir zu Prag.
play_disabled
Ravel an der Provence | © Marco Borggreve

Ravel an der Provence

De Bertrand Chamayou spillt beim Internationale Piano Festival 2025 an der Provence
play_disabled
Hans Zimmer & John Williams | © www.sr.de

Hans Zimmer & John Williams

Bekannte Filmmusek virun der Kuliss vum Stauséi zu Losheim
play_disabled
E Concert voller Pianosmagie | © Emil Matveev

E Concert voller Pianosmagie

Déi dräi éischt Gewënner vum Géza Anda Concours 2024
play_disabled
Rudolf Buchbinder | © Marco Borggreve

Rudolf Buchbinder

Zanter méi wéi 60 Joer Pianist an ëmmer nach virtuos
play_disabled
Ádám Fischer dirigéiert Mozart | © Nikolaj Lund

Ádám Fischer dirigéiert Mozart

Den ugareschen Museker dirigéiert d'Sinfonien 39, 40 an 41
play_disabled
Gittareconcours 2025 | © LuxGuitares asbl

Gittareconcours 2025

D'Final vum internationale Gittareconcours 2025 an der Philharmonie
play_disabled