1. An Däitschland gouf et op en neits e Sabotageversuch op eng Trafosstatioun a Nordrhein-Westfalen. No engem Bekennerbröif sass d‘Police elo beim Kraftwierk Eschweiler bei Oochen am Asatz.
2.Och zu Lëtzebuerg si wéinst den Hëtztwellen dëst Joer méi Leit gestuerwen. Wärend der Hëtztwell Enn Juni hätt et an zwou Wochen eng Iwwerstieflechkeet vu ronn 50 Leit ginn, sot den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit, de Moien als Invité vum Dag op eiser Antenn.
3. Den amerikanesche Präsident Donald Trump haett gaeren dat d‘Europäer d‘Waffe bezuelen déi ënnert der Biden Adminsitratioun un d‘Ukraine geliwwert goufen,
4. De Sträit ëm déi brittesch Falklandinselen eskaléiert nees: den argentinesche Präsident Javier Milei huet elo ugekënnegt dat hen eng Militärbasis op Feierland géif installéieren.