1. Bei der Rentrée am September gëtt am Bouneweger Lycée keng 7ème am Classique ugebueden. Dem Direkter Mike Borschette no war den Interessi dofir net grouss genuch, eventuell op Grond vu Virfäll aus der Vergaangenheet
2. D’Bëschfeieren am franséischen Département Gironde blouwen an de leschte Stonne stabel, éier nei Hëtzt an der Géigend ukënnt
3. A Japan gouf et iwwerdeems e schrot Äerdbiewen, mee bis ewell goufen nach keng Doudesaffer gemellt
4. De Zinédine Zidane ass wéi erwaart neien Trainer vun der franséischer Fussball-Nationalekipp. Den Nofollger vum Didier Deschamps steet am Prinzip bis 2030 un der Spëtzt vu Les Bleus