headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Wéi leeft eng Bluttspend of?
Vun der Bluttspend bis bei déi final Bluttkonserv verginn tëschent 24 bis 48 Stonnen. Déi eenzel Etappen erkläert den Dokter David Dorkel aus dem Centre de Transfusioun sanguine an der Stad.
Reouverture Notre-Dame zu Paräis
5 Joer nom Feier an der Paräisser Kathedral goung se mat enger grousser Zeremonie nees op fir de Public.
Mam Kleeschen um Schëff
Déi leschten Deeg a virun allem dës Nuecht hat de Kleeschen nawell vill ze dinn. Normalerweis flitt hie mat sengem Schlitt, mee zu Réimech hëlt hien ëmmer d’Schëff fir bei d’Kanner ze goen.
Virun der Réouverture vun der Notre-Dame
E Gespréich mam Alex Langini, Expert fir Kierchebauten, iwwer dee (séieren) Nees-Opbau vun der Paräisser Kathedral nom schroe Feier vum 15. Abrëll 2019
Réckbléck 2019: nom Feier vun der Notre Dame
2019 hat de franséische President versprach, d'Kathedral bannent 5 Joer nees opzebauen; vill Experten hunn dat deemools fir onméiglech gehalen.
"Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, ..."
Wou kënnt dat Lidd hier a wien huet et geschriwwen? D'Michelle Barthel war an d'Vergaangenheet sichen.
"Ondugen": Wort vs. Mierscher Theater
An der Affär ëm en Interview mat engem Auteur, deen et net gëtt, fillt de Wort-Chefredakter Roland Arens sech vum Theaterdirekter Claude Mangen erageluecht.
De 4. Dezember ass Bärbelendag
Méi wéi 40 Joer nodeems déi lescht Minn zu Lëtzebuerg zougemaach huet, gëtt d'Schutzpatréinesch vun de Biergleit nach ëmmer am Minett gefeiert. Erklärunge vum Historiker Denis Klein
Affär Sarah de Nutte: Epilog oder Suite?
An engem Gespréich kucke mir op d'Affär de Nutte zeréck, op weider Mëssstänn, déi an der Suite dovun op d'Tapéit koumen, an op d'Zukunft an der Lëtzebuerger Dëschtennis-Welt.
"Mir sinn Affer gi vun eisem eegene Succès"
Esou reagéiert den ITM-Direkter Marco Boly op rezent Kriticke géint d'Gewerbeinspektioun.
UNO-Konferenz iwwer d'Degradatioun vum Buedem
No de grousse Biodiversitéits-, Klima- a Plastikkonferenzen, gëtt elo zu Riad a Saudi-Arabien iwwer Buedemqualitéit a Wüsten-Ausbreedung diskutéiert. Den Thomas Schoos aus dem Ëmweltministère ass op der Plaz.
LSC-Finalistin Mäna
An eiser Serie, an där mir Iech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen, ass et dës Kéier un der jéngster Kandidatin: déi 23 Joer jonk Mäna.
De Schatz vu Holztem
Nieft de Fundamenter vun engem Burgus sinn Archeologe bei Ausgruewungen och (a virun allem) op 141 wäertvoll Mënze gestouss. D'Lynn Stoffel vum Institut national de recherches archéologiques (INRA) erkläert.
Op Visitt am Sekretariat vum Kleeschen
Nëmmen nach 3 Mol Schlofen, da kënnt de Kleeschen! D'Sophie Schroeder war sech säi Sekretariat bei der Post ukucken, wou d'Bréiwer vun de Kanner ukommen a beäntwert ginn.
No der Conférence des Comités vun der CGFP
D'Reaktioun vum CSV-Deputéierte Maurice Bauer, deen an der Chamber d'Kommissioun vun der Fonction publique presidéiert.
Luxembourg Song Contest Finalist: One Last Time
One Last Time ass zeréck op der Bün vum Luxembourg Song Contest. Schonn d'lescht Joer wollte si de Jury iwwerzeegen.
Wëldfleesch: FSC fuerdert, datt d'Originn méi kloer gemaach gëtt
D'Wëld gehéiert fir vill Leit Chrëschtdag an d’Kachdëppen. Mee wou kommen de Marcassin oder d’Biche eigentlech hier? Obwuel d'Bëscher hei iwwerfëllt wieren, géif ze vill importéiert ginn, kritiséiert de Pit Mischo vun FSC Lëtzebuerg.
Nom Depot vun den néidegen Ënnerschrëften zu Bettenduerf
D'Christiane Kleer freet de Laurent Knauf, Jurist an éischte Conseiller am Inneministère, wéi eng Prozeduren elo spillen.
Sexuell Belästegung an der Sauna
No rezente Berichter an den Zeitunge betount d'Jutta Kleiber, Direktesch vun den Thermen zu Stroossen, et géif een all gemellte Fall eescht huelen an et wiere Prozeduren en place.