Haut ass Weltëmweltdag

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Haut, de 5. Juni ass den internationalen Ëmweltdag vun de Vereenegten Natiounen. De Weltëmweltdag gouf am Joer 1972 gegrënnt, am Kader vum Weltëmweltgipfel vun der UNO, der Stockholmer Konferenz fir de Schutz vun der Ëmwelt, bei där eng Rei Ëmweltschutzprogrammer entstane sinn. Mëttlerweil gëtt en an iwwer 150 Länner gefeiert. D’Land an deem e stattfënnt wiesselt all Joer, dëst Joer ass et Aserbaidjan.

All Joer gëtt et och e spezifesche Motto, dëst Joer ass et “NowForClimate” also “Elo fir d’Klima”. Well d’Léisunge fir d’Klimakris si jo scho längst bekannt, elo ass et also endlech un der Zäit eppes ze maachen. An och zu Lëtzebuerg spiert ee schonn d'Follge vum Klimawandel: et gëtt ëmmer méi laang dréchen, et ginn ëmmer méi Iwwerschwemmungen an eis Wantere ginn ëmmer méi waarm.

De Weltëmweltdag setzt säi Fokus op de Klimawandel, mee deen Dag soll awer och do sinn, fir de Leit de Courage ze ginn. Well jiddweree kann eppes fir eise Planéit maachen. Trotz deene schlechten Noriichten, déi een ëmmer nees matkritt, wëllt d'UNO engem Hoffnung ginn: et gëtt ëmmer méi an nohalteg Energie investéiert, Stied ginn nei entworf, fir méi agreabel fir d'Awunner:innen ze ginn an et ginn ëmmer méi Beem geplanzt. D'UNO wëllt optimistesch sinn a visibel maachen, datt d'Léisunge fir d'Klimakris lues, awer sécher op der ganzer Welt applizéiert ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

ONJ - Call for participants | © Alfonso Salgueiro

ONJ - Call for participants

Du bass ënner 30 Joer jonk, spills en Instrument op engem méi héijen Niveau an hues Loscht 2026 bei zwee grousse Projete mat dobäi ze sinn?
headphones

2 min

play_arrow
Music Days Veianen 2025 | © Pixabay

Music Days Veianen 2025

Matzen a Lëtzebuerg Jazz, Vokalmusek oder Musekstheater live erliewen. An dat och nach an enger historescher Location. Gëtt et dat?
headphones

2 min

play_arrow
John Williams mat neier Musek | © Stephan Rabold

John Williams mat neier Musek

Aller guten Dinge sind 3 - oder 30? Fir déi mëttlerweil 30. Kéier komponéiert den John Williams nämlech Musek fir eng Produktioun vum Steven Spielberg.
headphones

3 min

play_arrow
International Horn Society Belgium/Luxembourg | © Pixabay

International Horn Society Belgium/Luxembourg

Dir spillt Cor an hutt Loscht bei Workshoppen a Virträg, international Bekanntschaften a Frëndschaften ze schléissen?
headphones

2 min

play_arrow
110 Joer Alpensinfonie! | © Pixabay

110 Joer Alpensinfonie!

Monumental, faarwefrou a vill Natur. Dofir steet eent vun de bekanntste Wierker vum Richard Strauss: säin op.64, och nach bekannt als “Alpensinfonie”.
headphones

2 min

play_arrow
INECC sicht neie Numm | © Pexels

INECC sicht neie Numm

Den institut européen de chant chorale, kuerz INECC, ass op der Siich no engem neie Numm.
headphones

2 min

play_arrow
300. Doudesdag vum Alessandro Scarlatti | © Quell: Britannica

300. Doudesdag vum Alessandro Scarlatti

Ween un héichbarock Musek an italieenesche Flair denkt, dee kënnt net laanscht d'Musek vum Alessandro Scarlatti.
headphones

3 min

play_arrow
Zum éischten, zweeten an drëtten! | © Pixabay

Zum éischten, zweeten an drëtten!

Albert Einstein Gei bréngt knapp 1 Millioun Euro bei Auktioun.
headphones

2 min

play_arrow
Nei Ausschreiwunge fir Kompositiounen! | © Pixabay

Nei Ausschreiwunge fir Kompositiounen!

Du schreifs Wierker, hues eege Kompositiounen déi du uropféiere wëlls oder hues wëlls ee Wierk selwer komponéieren? Elo stinn déi nei Ausschreiwunge fir d'Saison 25/26 fest.
headphones

2 min

play_arrow
104. Gebuertsdag vum Sir Malcolm Arnold | © picture-alliance dpa UPPA

104. Gebuertsdag vum Sir Malcolm Arnold

Den Sir Malcolm Arnold war e Star zu senger Zäit, ma haut ass säin Numm vill manner geleefeg.
headphones

3 min

play_arrow
Happy Birthday Wynton Marsalis ! | © Luigi Beverelli

Happy Birthday Wynton Marsalis !

Den 18. Otkober 1961 ass den Jazzmuseker a Komponist zu New Orleans op d’Welt komm.
headphones

4 min

play_arrow
De Chopin stierft haut viru 176 Joer zu Paräis | © picture alliance / imageBROKER | Heinz-Dieter Falkenstein

De Chopin stierft haut viru 176 Joer zu Paräis

De 17. Oktober 1849 zu Paräis un de Follge vun enger laangjäreger Longekrankheet, mat nëmmen 39 Joer.
headphones

3 min

play_arrow
Trageschen Dag am Liewe vum Carlo Gesualdo | © Wikimedia Commons

Trageschen Dag am Liewe vum Carlo Gesualdo

De 16. Oktober 1690 bréngt den italieenesche Komponist Carlo Gesualdo erwëscht seng Fra an ee vun hire Geliibten in flagranti a bréngt allen zwee ëm.
headphones

2 min

play_arrow
250. Gebuertsdag vum Crusell | © picture alliance / Heritage Images | © Fine Art Images/Heritage Images

250. Gebuertsdag vum Crusell

Wann een an der klassescher Musekszeen u Finnland denkt, da kënnt engem warschneinlech séier de Sibelius an de Kapp. Ma virum Sibelius gouf et awer och schonn de Crusell.
headphones

2 min

play_arrow
Leonard Bernstein viru genee 35 Joer verstuerwen | © Pixabay

Leonard Bernstein viru genee 35 Joer verstuerwen

De weltberüümte Komponist vum Musical "West Side Story" ass de 14. Oktober 1990 am US-Staat New York verstuerwen. Mir geheien e Bléck op säi Liewen.
headphones

4 min

play_arrow
Lëtzebuerger gewënnt Opus Klassik | © opus 100,7 / Christophe Mirkes

Lëtzebuerger gewënnt Opus Klassik

De Pascal Schumacher gouf an der Kategorie “Neue Klassik” ausgezeechent.
headphones

5 min

play_arrow
212. Gebuertsdag vum Giuseppe Verdi | © Pixabay

212. Gebuertsdag vum Giuseppe Verdi

Wuel keen anere Komponist huet zu Liefzäiten an och haut nach déi italieenesch Musek esou gepräägt wéi d'Gebuertsdagskand vun haut, den Giuseppe Verdi (1813-1901)
headphones

3 min

play_arrow
190. Gebuertsdag vum Camille Saint-Saëns | © BnF

190. Gebuertsdag vum Camille Saint-Saëns

Wonnerkand, multi-intresséiert a Pionéier- Alles dat trëfft op de Camille Saint-Saëns zou, deen haut 190. Gebuertsdag feiert.
headphones

4 min

play_arrow
Historesch! Kompositiounen erëmfonnt | © Quell: www.conerti.de

Historesch! Kompositiounen erëmfonnt

Een historesche Moment fir d'Klassik-Zeen! An England goufen elo zwee bis ewell onbekannte Wierker vum weltbekannte Komponist Henry Purcell an Archiven erëmfonnt.
headphones

3 min

play_arrow
Alles Guddes Yo-Yo Ma! | © Bildquell: www.yo-yoma.com

Alles Guddes Yo-Yo Ma!

Joerzéngte laang begeeschtert den Cellist d'Leit mat sengen Interpretatiounen. Haut feiert de Museker säi 70. Gebuertsdag.
headphones

10 min

play_arrow